FuttballAntoine Griezmann geet zeréck bei Atletico Madrid

RTL Lëtzebuerg
De franséische Futtball-Weltmeeschter geet no zwee Joer beim FC Barcelona zeréck bei Atletico Madrid.
Antoine Griezmann gëtt un Atltico Madrid ausgeléint.
Antoine Griezmann gëtt un Atltico Madrid ausgeléint.
© AFP (Archiv)

Wéi d’Madrilene matgedeelt hunn, gëtt den 30 Joer alen Antoine Griezmann fir ee Joer ausgeléint. Dobäi besteet d’Optioun fir ee weidert Joer souwéi den Infoe vu Barcelona no eng Transferklausel. Atletico iwwerhëlt d’Pai vum Stiermer.

De Griezmann war 2019 fir 120 Milliounen Euro vu Madrid op Barcelona gewiesselt. Elo trenne sech déi héichverschëllt Katalanen nom Lionel Messi vun engem weidere Spiller mat enger héijer Pai.

Back to Top
CIM LOGO