SchisprangenAnze Lanisek spréngt am wäitsten

RTL Lëtzebuerg
De Sloween setzt sech virun den zwee Polen Dawid Kubacki a Piotr Zyla duerch.
© AFP / Archiv

Beim éischte vun zwee Schisprangen zu Engelberg an der Schwäiz gewënnt um Samschdeg den Anze Lanisek mat enger knapper Avance vun 3,3 Punkten op den Dawid Kubacki, den aktuelle Leader am Gesamtweltcup. De Sloween war am éischten Duerchgang 139 Meter wäit gesprongen a ass am zweeten Tuer no 140 Meter gelant. De Podium gëtt vun engem weider Pol, dem Piotr Zyla, komplettéiert.

Am Gesamtweltcup konnt de Lanisek mat dëser Victoire e puer Punkten op de Kubacki guttmaachen, de Mann aus Polen huet awer nach eng komfortabel Avance. De Stefan Kraft, Drëtten am Gesamtweltcup, ass um Samschdeg zu Engelberg op déi véiert Plaz gesprongen.

D’Sprangen zu Engelberg ass och eng Zort Preparatioun fir d’Véierschanzen-Tournee, déi no de Chrëschtdeeg lassgeet.

Back to Top
CIM LOGO