
Heiansdo ginn et am Futtball kuriéis Situatioune mat Arbitter-Decisiounen, déi di mannste Leit kennen. De Weekend war dat elo zum Beispill an der zweeter däitscher Bundesliga an der Partie Holstein Kiel géint Bochum de Fall. De Franky Hippert huet beim Charel Schaack, Responsabele vun den Arbittere bei der FLF, nogefrot, wat et domat op sech hat, a wéi eng skurril Situatiounen et nach kënne ginn.
Bei der uewegenannter Partie hat een Ersatzspiller vu Kiel, deen hannert sengem Gol am Gaange war, sech waarm ze maachen, e Ball am 16-Meter gestoppt, deen ënnerwee war, an den Aus ze rullen. Den Arbitter huet dunn 11-Meter fir Bochum ginn, an eng giel Kaart fir den Ersatzspiller.
Zanter zwee bis dräi Joer ass dëst eng richteg Decisioun vum Arbitter. Jiddereen, deen um Arbitter-Bou zur Ekipp gehéiert, deen um Terrain an d’Spill agräift, dee gëtt mat engem direkte Fräistouss an enger gieler Kaart bestrooft. Well d’Situatioun an Däitschland am Strofraum war, huet den Arbitter missen een Eelefmeter päifen, sou de Charel Schaack.
Dat nämmlecht gëllt, wann ee vum Bou eng Fläsch op den Terrain geheit.
De Charel Schaack, Responsabele vun der Arbitterkommissioun vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, beschreift awer och nach zwou vu villen anere kuriéise Situatiounen, déi een net all Dag begéint.
A wéi sot de Charel Schaack, d’Reegelwierk ass heiansdo méi interessant wei een dat kéint mengen. Sécherlech och tëscht den Zeilen op Opruff fir dem Manktem un Arbitter hei am Land entgéintzewierken.
Kuriéis ass net den Eelefmeter u sech, ma wéi et dozou komm ass.
De Michael Eberwein vun Holstein Kiel war am gaange sech waarm ze maachen, nieft dem eegene Gol. Wéi e Schoss vun engem Bochumer wäit nieft de Gol gaangen ass, huet den Eberwein de Ball gestoppt... allerdéngs ganz knapps, éier de Ball hannert de Linn war. Domat huet hien als Ersatzspiller direkt an de Match agegraff, wann och net gewollt.
De Schiedsrichter Tino Gerach huet sech déi Zeen um Ecran ugekuckt an hat keen anere Choix, wéi op Eelefmeter fir Bochum ze entscheeden. Den Eberwein huet zousätzlech nach eng giel Kaart.
Sou steet et nämlech am Reglement: “Vergehen von Auswechselspielern und Teamoffiziellen” folgende Richtlinie: “Bei einer Spielunterbrechung aufgrund eines Eingriffs durch einen Teamoffiziellen, einen Auswechselspieler oder des Feldes verwiesenen Spieler wird das Spiel mit einem direkten Freistoß oder Strafstoß (im Strafraum) fortgesetzt.”
De Bochumer Silvere Ganvoula huet den Eelefmeter dann och verwandelt an et stoung deen Ament 1:1.
Den Eberwein konnt um Enn awer opootmen, well de Janni Serra huet an der 52. Minutt nach den 2:1 fir Kiel geschoss an domat de Match zu hire Gonschten entscheet.
Kiel steet elo an der Tabell op Plaz 6 mat 14 Punkten. Bochum bleift op der 16 mat just 9 Punkten no 11 Matcher.