
Argentinien huet den Titelfluch duerchbrach an 28 Joer nom leschte grousse Succès d’Copa America gewonnen. Am Mëttelpunkt vun der euphorescher Feier am Maracana-Stadion vu Rio de Janeiro stoung de Kapitän Lionel Messi, deen nom 1:0 an der Finall géint Brasilien fir d’éischte Kéier op der grousser Bün ee Pokal fir säin Heemechtsland, dat 1986 ënnert dem Diego Maradona fir d’lescht Weltmeeschter gouf, an d’Luucht gehalen huet.
Fir den decisive Gol vum Owend huet den Angel Di Maria (33') gesuergt. De Routinier hat an der 22. Minutt ee laange Pass vum Mëttelfeldspiller Rodrigo de Paul mam lénke Fouss ugeholl a mat der nächster Beweegung op en Neits mat lénks de Ball mat vill Gefill iwwert de brasilianesche Golkipp Ederson an de Gol gehuewen. Brasilien hat offensiv nëmmen een Abseitsgol vum Richarlison (52') entgéintzesetzen.
“Mir sinn dacks gescheitert, mir hunn esou dacks dovunner gedreemt an esou haart gekämpft”, sou den Di Maria no der Finall.
Schonn e Freideg hat sech Kolumbien duerch een 3:2 géint Peru déi drëtte Plaz geséchert.
