
Den Arjen Robben, huet annoncéiert, d’nächst Saison nees d’Futtballschong wëllen unzedoen. De fréiere Spiller vum FC Bayern München an Ex-Nationalspiller spillt vun nächster Saison un nees beim FC Groningen an Holland. De 36 Joer ale Robben war beim Veräin aus der ieweschter Divisioun an Holland forméiert ginn.