
De 37 Joer alen Arjen Robben stoung e Sonndeg nach eng allerleschte Kéier um Terrain vu sengem Jugendveräin, kuerz virum Match géint den RKC Waalwijk (1:1), an huet sech do mat e puer emotionale Wierder u seng Fans geriicht. Dofir gouf et Standing Ovations.
Hien hätt ganz gär als Spiller Äddi gesot an net am Kostüm, ma dozou war et leider net méi komm. No engem Joer Paus an no sengem Abschid vun de Bayern am Joer 2019, wollt de Robben et d’lescht Saison nach emol wëssen. Ma no nëmme 7 Flichtspiller beim FC Groningen huet säi Kierper him e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Dofir huet et am Summer och geheescht, et wier definitiv Schluss mam Profi-Futtball.
“Ech si frou, dass ech dës Aventure gewot hunn an alles ginn hunn, awer dat war et”, sou de Münchner Wembley-Held, dee d’Bayern 2013 an der Champions-League-Finall géint Dortmund zum Titel verhollef hat. Hie géif “fir ëmmer e Groninger” bleiwen, sou nach de Robben a senger Schlussried.
“Servus, Arjen”, huet säi laangjäregen Teamkolleeg Thomas Müller ënnert dem Robben säin Abschids-Tweet geschriwwen, de Manuel Neuer huet him op Instagram “all the best” gewënscht. Den FC Bayern huet als lescht Éier nach emol d’Zeen vum Robben sengem decisive Gol zu London an d’Netz gestallt an huet esou senger Legend Merci gesot.