No Bayern-AbschidArjen Robben setzt ee Schlussstréch ënnert seng Futtball-Karriär

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Profi vum FC Bayern München huet en Donneschdeg offiziell matgedeelt, dass hien d'Futtballschong un den Nol hänkt.
© AFP

Den Hollänner huet ganzer 10 Joer fir den däitsche Rekordchampion gespillt. Do virdru stoung hie schonns fir Real Madrid, den FC Chelsea, PSV Eindhoven an FC Groningen um Terrain.

An 201 Bundesligamatcher huet hien 99 Goler geschoss. An der Champions League kënnt hien op 31 Goler an 110 Matcher. Zu sengem gréissten Erfolleg dierft den Erfolleg an der Champions League zielen, wou hien an der Finall géint Dortmund den decisive Gol geschoss huet.

Vun 2003 bis 2017 ass hien och 96 Mol fir d’hollännesch Nationalekipp op den Terrain gaangen.

Back to Top
CIM LOGO