Olympesch Spiller - LiichtathletikArmand Duplantis wënnt Gold am Stafhéichsprong

RTL Lëtzebuerg
Ofgeschloss goufen d'Liichtathletik-Competitiounen um Dënschdeg mat der Finall vum Stafhéichsprong.
© RTL

Hei huet de jonke Schwed Armand Duplantis d’Competitioun dominéiert an um Enn verdéngt mat engem Sprong vu 6,02 Meter seng éischt Goldmedail gewonnen. Sëlwer ass un den US-Amerikaner Christopher Nilsen gaangen (5,97), de Brasilianer Thiago Braz ass 3. ginn (5,87).

Den Duplantis ass 5 Mol gesprongen an hat keen eenzege Feelversuch. Säi leschte Konkurrent, de Nilsen, huet de Sprong op 6,02 Meter net gepackt.

Nodeems de Schwed Gold sécher hat, wollt hien dunn nach de Weltrekord vu 6,18 Meter briechen, deen hien am Februar 2020 selwer opgestallt hat. Dat 21 Joer alt Talent konnt de Sprong iwwer 6,19 Meter dunn 3 Mol probéieren, ma et sollt awer net duergoen, fir säin eegene Rekord ze sprangen.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO