Am SportsministèreArrêté vun der Regierung gouf op eemol anescht interpretéiert

Franky Hippert
Et geet ëm Indemnitéiten déi Trainer, Kinéen a Preparateur Physique vun de verschiddene Formatiounszentere solle kréien, déi mam Sportlycée zesummeschaffen
© RTL-Archiv

De Premier Conseiller de Gouvernement am Sportsministère huet en Arrêté vun der Regierung vum 21. Dezember 2001, respektiv e Gesetz vum 21. Juli 2012 elo op eemol anescht interpretéiert, wéi dat déi lescht Joren de Fall war, dat ass an engem Bréif ze liesen, deen eis virläit, an deen déi 17 konventionéiert Sportfederatioune vun der Direktioun vum Sportlycée kruten.

Et geet ëm d’Indemnitéiten déi Trainer, Kinéen a Preparateur Physique vun de verschiddene Formatiounszentere solle kréien, déi mam Sportlycée zesummeschaffen, awer elo kuerzzäiteg op Äis geluecht goufen. Et ass ëm e Montant vun ronn 52.000 Euro gaangen. Direkt nodeems de Sportminister Georges Engel dëst matkritt hat, huet hien d’Instruktioun ginn, datt déi Suen, fir déi schonn eng Prestatioun gemaach gouf, direkt deblockéiert misste ginn, a se deene Leit zoukomme loossen, déi se zegutt hunn.

Am Fall wou et néideg ass, géif de Sportminister an engem nächste Regierungsrot froen, fir déi néideg Dispositiounen ze huelen, fir datt bei der Rentrée scolaire am September d’Paiement weiderhi garantéiert bleiwen. Mëttelfristeg gesäit de Georges Engel e groussherzoglecht Reglement vir, dat an enker Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère a mam Comité Olympique ausgeschafft soll ginn, dat d’Konditiounen an d’Exigenze ronderëm d’Indemnitéite fir d’Leit aus de Centres de formation, déi mam Sportlycée zesummeschaffen, festhält.

Back to Top
CIM LOGO