Mam Schëff ënnerweeArrivée vun Olympescher Flam zu Marseille erwaart

RTL Lëtzebuerg
Ronn 1.000 Seegelbooter a Schëffer sinn e Mëttwoch zu Marseille ënnerwee, fir d'Olympesch Flam bei senger Arrivée a Frankräich ze begleeden.
D'Belem mat der Olympescher Flam kuerz viru Marseille.
D’Belem mat der Olympescher Flam kuerz viru Marseille.
© AFP/CHRISTOPHE SIMON

De Convoi ass am fréie Mëttwochmëtteg ënnert dem Applaus vum Public fortgefuer. Fir d’Arrivée vun der Olympescher Flam, déi aus Griicheland kënnt, gi sech e Mëttwochowend ronn 150.000 Spectateuren erwaart.

D’Feier fir d’Summerspiller zu Paräis war de 16. Abrëll am anticken Olympia ugefaange ginn. Am Ganze wäerten eng 10.000 Leit d’Flam bis an déi franséisch Haaptstad droen, wou se de 26. Juli ukomme soll. Déi éischt Deeg war se mat engem Fakellaf duerch Griicheland ënnerwee, éier se zu Athen un déi franséisch Delegatioun iwwergi gouf.

U Bord vun der “Belem” aus dem 19. Joerhonnert fiert se iwwert d’Mëttelmier bis op Marseille. De Quai, op deem se uleeë soll, gesäit aus ewéi eng Lafpist am Stadion. De Schwëmmer Laurent Manadou soll d’Flam vun do aus als éischt Persoun op franséischem Buedem weider droen.

Fir d’Arrivée wäerte gutt 8.500 Leit vum Sécherheetspersonal am Asaz sinn, also méi, wéi bei der Visitt vum Poopst Franziskus am September 2023. Och déi 1.000 Schëffer, déi dobäi wäerte sinn, goufe genee iwwerpréift.

Weider wäert d’Olympescht Feier dann 68 Deeg laang duerch Frankräich gedroe ginn. Éier et zu Paräis ukënnt, wäert e klengen Deel vum ronn 12.000 laange Wee och nach duerch Lëtzebuerg féieren. Wärend der ganzer Zäit wäerten eng honnert Polizisten dobäi sinn.

De Parcours vun der Olympescher Flam.
De Parcours vun der Olympescher Flam.
© AFP/Valentin RAKOVSKY, Sophie RAMIS, Laurence SAUBADU

Schlussendlech wäert d’Flam dann de 26. Juli am Mëttelpunkt vun der Zeremonie zu Paräis stoen. D’Olympesch Spiller dauere bis den 11. August, kuerz duerno fänken dann d’Paralympesch Spiller un.

Traditionelle Fakellaf lancéiert: Olympesch Fakel brennt an ass um Wee op Paräis
Olympesch Spiller zu Paräis: Fackel mécht e kuerzen Transit duerch Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO