
An der Bundesliga huet ënner anerem Bayern iwwerraschend zu Heidenheim verluer. Stuttgart huet zu Dortmund gewonnen.
Crystal Palace - Manchester City 2:4
1:0 Mateta (3'), 1:1 De Bruyne (13'), 1:2 Lewis (47'), 1:3 Haaland (66'), 1:4 De Bruyne (70'), 2:4 Edouard (86')
D’Ekipp vum Guardiola huet sech souverän zu Crystal Palace duerchgesat. Et hat fir d’Citizens awer net gutt ugefaangen, well de Mateta d’Heemekipp schnell mat 1:0 vir bruecht hat. Iwwerhaapt huet Crytsal Palaca an der 1. Hallschent gutt matgehal, huet awer an der 13. Minutt den 1:1 kasséiert. Manchester City huet no der Paus den Tempo erhéicht a konnt direkt nom Säitewiessel de Match komplett dréien. Dono hunn d’Gäscht d’Heft an d’Hand geholl a bis zur 70. Minutt zwee weider Goler duerch Haaland an De Bruyne markéiert. Et war dem De Bruyne säin 100. Gol fir Man City an der Premier League. Palace konnt kuerz viru Schluss nach verkierzen, méi war awer net méi dran.
Aston Villa - Brentford 3:3
1:0 Watkins (39'), 2:0 Rogers (46'), 2:1 Zanka (59'), 2:2 Mbeumo (61'), 2:3 Wissa (68'), 3:3 Watkins (80')
Am Villa Park goufen d’Spectateure vu béiden Ekippen um Samschdeg Mëtteg verwinnt. D’Heemekipp war am éischten Duerchgang iwwerleeën a goung 1:0 a Féierung. An den zweete 45 Minutte sollt dunn op béide Säiten ee Gol nom anere falen. Villa konnt fir d’éischt op 2:0 erhéijen. Dono ass Brentford erwächt an huet de Match innerhalb vun 9 Minutte komplett gedréint. Aston Villa huet sech awer net geschloe ginn an huet an der 80. Minutt ausgeglach. Den 3:3-Remis war fir Aston Villa e klenge Réckschlag an der Lutte ëm d’Plaz 4. Et huet een nach 3 Punkte Virsprong op Tottenham, déi hunn awer zwee Matcher manner gespillt.
Brighton - Arsenal 0:3
0:1 Saka (33', Eelefmeter), 0:2 Havertz (62'), 0:3 Trossard (86')
Arsenal war vun Ufank un déi méi aktiv Ekipp an ass an der 33. Minutt verdéngt duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. Vu Brighton koum ze wéineg am Offensivberäich. Och no der Paus hunn d’Gäscht de Match kontrolléiert an den Havertz konnt mat sengem Gol fir den 2:0 suergen. An der Schlussphas huet den Trossard den Deckel mat sengem Gol drop gemaach. Mat där Victoire konnt sech Arsenal an der Tabell nees laanscht Man City schaffen, déi hire Match gewonnen haten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AC Mailand - Lecce 3:0
1:0 Pulisic (6'), 2:0 Giroud (20'), 3:0 Leao (57')
Mailand konnt doheem de siwente Succès noenee feieren. Schonn an der Paus stoung et duerch Goler vu Pulisic a Giroud 2:0. Kuerz virun der Paus krut Lecce mam Krstovic och nach e Mann mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat a war just nach zu 10. Nom Téi huet Mailand näischt méi ubrenne gelooss a selwer nach ee weidere Gol markéiert. An der Tabell bleift Mailand op der 2. Plaz.
AS Roum - Lazio Roum 1:0
1:0 Mancini (42')
Am Derby della Capitale gouf et eng intensiv éischt Hallschent mat villen Zweekämpf. D’AS Roum war liicht besser an huet sech kuerz virun der Paus mam 1:0 belount. Och an der 2. Hallschent hat d’Heemekipp déi besser Chancen, e Gol sollt awer net méi falen. Fir d’Heemekipp war et e wichtege Succès, fir sech eventuell vun der 5. Plaz nach an d’Champions-League-Plazen ze schaffen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lens - Le Havre 1:1
1:0 Frankowski (58'), 1:1 Sabbi (78', Eelefmeter)
Lens war an der Partie géint Le Havre de Favorit an ass an der zweeter Hallschent a Féierung gaangen. Le Havre ass drubliwwen a konnt op Eelefmeter hin ausgläichen. Fir d’Gäscht war et e wichtege Punkt am Ofstigskampf. Lens bleift an der Tabell op der 5. Plaz.