
Freiburg - Leverkusen 2:4
1:0 Höler (3'), 1:1 Alario (29'), 1:2 Alario (42'), 1:3 Amiri (64'), 2:3 Petersen (72'), 2:4 Tah (76')
Freiburg huet net laang ofgewaart an ass fréi duerch e Gol vum Höler a Féierung gaangen. An der 3. Minutt stoung d’Leverkusener Defense net gutt a sou huet d’Lokalekipp fréi profitéiert. Vill besser sollt et awer net fir d’Gäscht weidergoen, wéi de Sven Bender no 22 Minutten déi rout Kaart gesinn huet. Nom Agräiffe vum Videoarbitter ass dës awer nees annuléiert ginn. Leverkusen ass also nach eng kéier gutt dervukomm a konnt kuerz drop da souguer ausgläichen. No engem Ballverloscht vum Höfler ass den Alario un de Ball komm an huet mat sengem Schoss dem Golkipp keng Chance gelooss. De Match huet sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt, sou dass keng Ekipp sou richteg d’Iwwerhand hat. Kuerz virun der Paus ass dem Alario dann nach d’Féierung mat sengem zweete Gol gelongen.
An der zweeter Hallschent huet Leverkusen de Géigner komme gelooss an huet op Feeler vun de Freiburger gewaart. No engem Ballgewënn vun der Werkself ass et an der 64. Minutt dann och ganz séier gaangen. De Wirtz konnt sech de Ball huelen an dëse weider op den Amiri spillen, deen dann aus ronn 20 Meter mat engem Schoss an de Wénkel op 3:1 erhéicht huet. Nach wollten d’Gäscht aus dem Breisgau awer net opginn a sou war et knapps 10 Minutte méi spéit de Petersen, deem no enger Flank aus spatzem Wénkel den Uschlossgol gelongen ass. Wéi et dëse Match sou wollt huet den nächste Gol vu Leverkusen awer net laang op sech waarde gelooss. An der 76. Minutt war den Tah op der Plaz a konnt mat engem stramme Kappball op 4:2 fir d’Werkself stellen. Bei deem Stand ass et dann och bis zum Schluss bliwwen a sou hëllt Leverkusen déi dräi Punkte mat Heem.
Hertha - Wolfsburg 1:1
1:0 Cunha (6'), 1:1 Baku (20')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Newcastle - Everton 2:1
1:0 Wilson (56'), 2:0 Wilson (84'), 2:1 Calvert-Lewin (90+2')
Mat dräi Punkte géint Newcastle kéint sech Everton nees un d’Tabellespëtzt vun der Premier League setzen. An der éischter Hallschent hu sech béid Ekippen ufanks ofgetaascht, richteg gutt Golchancë sinn et domat net ginn.
Ronn 10 Minutten nom Säitewiessel ass den Andre Gomes am Strofraum ze staark an den Zweekampf gaangen a sou huet den Arbitter op Eelefmeter entscheet. De Wilson ass ugetrueden an huet de Ball sécher am Gol ënnerbruecht. Newcastle huet sech och no der Féierung weider gutt geschloen an huet sech kuerz viru Schluss mat engem zweete Gol belount. Nees war et de Wilson, deen dës kéier no enger Flank op 2:0 stelle konnt. An der Nospillzäit ass et dem Calvert-Lewin dann zwar nach gelongen op 1:2 ze verkierzen, ma den Effort vun Everton ass ze spéit komm a sou muss si sech um Enn zu Newcastle geschloe ginn.
Manchester United - Arsenal 0:1
0:1 Aubameyang (69')
Manchester United, fir déi et bis elo an der Liga net wéi erwënscht leeft, si mat enger 5:0-Victoire géint Leipzig an der Champions League am Réck an de Match géint Arsenal gaangen. Déi éischt 45 Minutten hunn de Gäscht gehéiert, trotz e puer gudde Chancen ass et awer bis zur Paus beim 0:0 bliwwen.
An der zweeter Hallschent huet sech Manchester méi engagéiert, huet sech dann an der 68. Minutt awer selwer mat engem onnéidegen Eelefmeter bestroft. De Pogba war am Strofraum ze spéit an den Zweekampf gaangen a sou konnt den Aubameyang per Eelefmeter Arsenal a Féierung bréngen. D’Reds hunn et nach weider probéiert, ma um Enn hunn d’Gunners d’Iwwerhand a wanne sou knapps mat 1:0 am Old Trafford.
Tottenham - Brighton 2:1
1:0 Kane (13'), 1:1 Lamptey (56'), 2:1 Bale (73')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Spezia - Juventus 1:4
0:1 Morata (14'), 1:1 Pobega (32'), 1:2 Ronaldo (59'), 1:3 Rabiot (67'), Ronaldo (76')
Virum Match waren d’Rolle kloer verdeelt a sou ass de Gaascht och no 14 Minutten duerch e Gol vum Morata mat 1:0 a Féierung gaangen. Juventus huet de Match gemaach, ma Spezia ass an der 32. Minutt am Numm vum Pobega trotzdeem den iwwerraschenden Ausgläich gelongen. Mat engem 1:1 ass den éischten Duerchgang dann och op en Enn gaangen.
No der Paus ass dann de Ronaldo agewiesselt ginn, dee jo op Grond vun engem positive Corona-Test ronn zwou Woche gefeelt hat. Ganzer 3 Minutte huet hie gebraucht fir sech nees anzefannen a sou stoung et no 59 Minutten 2:1 fir Juventus duerch e Gol vum Ronaldo. Kuerz drop war et de Rabiot, dee mat sengem Gol de Match scho sou gutt wéi entscheede konnt. De Ronaldo hat awer nach net genuch a sou huet hie per Eelefmeter nach op 4:1 erhéicht. Um Enn séchert sech Juventus ouni weider Problemer déi dräi Punkte géint Spezia.
AS Roum - Florenz 2:0
1:0 Spinazzola (12'), 2:0 Pedro (70')
Neapel - Sassuolo 0:2
0:1 Locatelli (59'), 0:2 Lopez (90+5')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Nimes - Metz 0:1
0:1 Gueye (15')
Reims - Stroossbuerg 2:1
1:0 Kamara (22'), 2:0 Faes (26'), 2:1 Ajorque (30')
Lille - Lyon 1:1
1:0 Bamba (22'), 1:1 Celik (41')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Celta Vigo - Real Sociedad 1:4
0:1 Silva (24'), 0:2 Oyarzabal (34'), 0:3 Willian Jose (54'), 1:3 Aspas (77'), 1:4 Willian Jose (81')
Real Sociedad ass d’Ekipp vun der Stonn an der spuenescher La Liga. Mat enger Victoire géint Celta Vigo kéinte sie nees d’Tabelleféierung iwwerhuelen. Mat vill Tempo an der néideger Motivatioun ass de Gaascht och an de Match gestart. Duerch de Silva an den Oyarzabal ass Real Sociedad mat enger 2:0-Féierung an d’Paus gaangen.
Och am zweeten Duerchgang war de Gaascht weider déi spillbestëmmend Ekipp a sou war et de Willian Jose, deen an der 54. Minutt op 3:0 erhéije konnt. Ronn 15 Minutte viru Schluss ass dem Aspas fir Celta Vigo nach den Uschlossgol gelongen, ma spéitstens de Gol zum 4:1 vum Willian Jose an der 81. Minutt huet alles kloer gemaach. Um Enn steet eng kloer Victoire fir d’Ekipp aus San Sebastian déi als Tabelleleader déi spuenesche Liga opmëscht, och wa Real Madrid hannendrun nach ee Match manner um Konto huet.
Valencia - Getafe 1:0
1:0 Musah (22'), 1:1 Cucho (87'), 1:2 Angel (90+4'), 2:2 Soler (90+10')