
Arsenal a Bayern München hu sech mat engem 2:2 getrennt. No enger dominanter Ufanksphas vun de Londoner konnten d’Bayern de Match nach an der éischter Hallschent dréinen. No der Paus huet Arsenal op den Ausgläich gedréckt an deen och schliisslech geschoss, fir méi sollt et géint eng disziplinéiert Münchener Defense awer net duergoen.
An der spuenescher Haaptstad hu Real Madrid a Manchester City sech ee Spektakel geliwwert. No fréier Féierung fir d’Englänner huet d’Lokalekipp de Match bannent zwou Minutte gedréint. Am zweeten Duerchgang huet och Manchester City zwee Goler a wéinege Minutte markéiert, de Valverde huet kuerz drop awer per Volley fir den 3:3 an domat den Endstand gesuergt.
1:0 Saka (12'), 1:1 Gnabry (18'), 1:2 Kane (32', Eelefmeter), 2:2 Trossard (76')
Arsenal huet vun Ufank un d’Kontroll vum Match iwwerholl an ass duerch de Martinelli zu der éischter Occasioun vum Match komm. E puer Minutten drop ass de Saka am Strofraum zum Ofschloss komm an hie konnt de Ball zum 1:0 an de laangen Eck dréinen, woumat hie seng Ekipp fir eng staark Ufanksphas belount huet.
Kuerz duerno ass de White eleng virum Neuer opgedaucht, konnt de Ball awer net laanscht de Münchener Kapitän bréngen. An der 19. Minutt hunn d’Bayern du vun engem Feeler an der Defense vum engleschen Tabelleleader profitéiert. No enger Feelpass vum Gabriel konnten d’Gäscht d’Onuerdnung notzen a mat hirem éischten Ofschloss duerch de Gnabry egaliséieren. Hien ass no zwou séiere Päss eleng virum Raya un de Ball komm a konnt domat fir den éischte Géigegol suergen, deen Arsenal an dëser Champions-League-Saison am eegene Stadion geschoss krut.
D’Münchener sinn elo besser an d’Partie komm an hunn et méi dacks fäerdegbruecht, fir de Londoner Pressing ze iwwerspillen. No enger hallwer Stonn ass de Sané vun der rietser Säit aus mat Tempo an de Strofraum komm a konnt vum Saliba just nach per Foul gestoppt ginn. De Kane huet den Eelefmeter äiskal verwandelt an de Match domadder gedréint. An der Suite huet Bayern méi disziplinéiert verdeedegt an ass deemno mat enger knapper Féierung an d’Kabinne gaangen.
D’Lokalekipp ass mat vill Elan aus der Paus komm, dat awer ouni wierklech Gefor ze entwéckelen. Den däitsche Rekordmeeschter huet gutt dogéint gehalen an d’Drockphas vun Arsenal séier nees verflaache gelooss. De Mikel Arteta huet misse reagéieren an huet mam Jesus an Trossard zwee offensiv Acteuren agewiesselt.
Knapp 10 Minutten nom duebele Wiessel ass de Jesus no enger schneller Kombinatioun an de Münchener Strofraum komm. De Brasilianer huet d’Iwwersiicht behalen an eriwwer op den Trossard geluecht, deen zum 2:2 aschéisse konnt.
Kuerz viru Schluss hat de Coman d’Entscheedung um Fouss, hien huet de Ball aus kuerzer Distanz awer just un de Potto bruecht. D’Decisioun fält deemno um nächste Mëttwoch zu München.
0:1 Silva (2'), 1:1 Dias (12', Selbstgol), 2:1 Rodrygo (14'), 2:2 Foden (66'), 2:3 Gvardiol (71'), 3:3 Valverde (79')
Schonn no 30 Sekonne krut den Tchouaméni wéinst engem Foul eng giel Kaart, woumat de Fransous de Retourmatch zu Manchester verpasst. Fir d’Madrilene sollt et nach méi déck kommen, well de Silva de Lunin beim Fräistouss um falsche Fouss erwëscht huet a schonn an der 2. Minutt den éischte Gol schéisse konnt. Béid Ekippen hu mat oppenem Viséier gespillt, soudass d’Äntwert vun der Lokalekipp net laang op sech waarde gelooss huet. Mat engem vum Dias ofgefälschten Distanzschoss konnt de Camavinga an der 12. Minutt fir den Ausgläich suergen, éier de Rodrygo kuerz drop no enger schéiner Pass an d’Déift vum Vinicius och dës Partie gedréint huet.
An der Suite stoung Real Madrid defensiv kompakt an huet d’Englänner kaum zu geféierlechen Aktioune komme gelooss, ass selwer awer ëmmer nees zu séieren Ëmschaltmomenter komm. Déi Kinneklech haten den Titelverdeedeger gréisstendeels am Grëff a virun allem de Rodrygo an de Vinicius hu sech dacks a gudde Schosspositiounen erëmfonnt.
Am zweeten Duerchgang hunn d’Spectateuren am Estadio Santiago Bernabéu weider een ausgeglachenen a virun allem intensive Match gesinn, an deem d’Zweekämpf op béide Säiten haart gefouert goufen. Obwuel d’Citizens elo méi aktiv gi sinn, konnte béid Formatioune kaum méi kloer Golgeleeënheete kreéieren an hunn et gréisstendeels aus der Distanz probéiert.
No 66 Minutten hunn d’Madrilenen de Foden dunn aus ronn 18 Meter fräi zum Ofschloss komme gelooss. De jonken Englänner huet net laang gefackelt an de Ball onhaltbar fir de Lunin am Wénkel ënnerbruecht. D’Formatioun vum Pep Guardiola hat am zweeten Duerchgang d’Distanzschëss fir sech entdeckt a Confiance getankt, a sou war et kuerz drop de Gvardiol, dee mat engem Schoss aus 20 Meter seng Faarwen nees a Féierung brénge konnt.
D’Spuenier hu sech dovun allerdéngs net demoraliséiere gelooss an offensiv nees méi Drock gemaach. An der 79. Minutt huet eng Flank vum Vinicius de Valverde fonnt, deen de Ball perfekt getraff huet a per Volley den 3:3 markéiere konnt. An der Schlussphas war d’Lokalekipp méi no um véierte Gol, ma et sollt awer beim Remis bleiwen. Domat geet et mat engem gerechte Remis an enger Woch zu Manchester an de Retourmatch.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.