
E Samschdeg stoungen nees eng Rei Partien am internationale Futtballchampionnat um Programm. An England séchere sech souwuel Arsenal, wéi och Manchester United déi dräi Punkten, fir Atlético gëtt et eng batter Defaite géint den 18. aus der spuenescher La Liga a fir Inter Mailand gesäit an Italien weider alles gutt aus um Wee Richtung Championstitel.
Manchester United - Everton 2:0
1:0 Bruno Fernandes (12'), 2:0 Rashford (36')
Zwee Eelefmeter hu Manchester United déi dräi Punkte géint Everton geséchert. Am Old Trafford war et no gutt zéng Minutten de Bruno Fernandes, dee seng Nerve vum Eelefmeterpunkt gewisen huet. An der 36. Minutt konnt de Marcus Rashford da vum Punkt op 2:0 erhéijen. Everton war an der éischter Hallschent gutt am Match, konnt seng Chancen allerdéngs net richteg verwäerten. Och am zweeten Duerchgang sollt dem Gaascht déi néideg Konsequenz feelen a sou bleiwe si am Championnat fir déi 11. Kéier hannerteneen ouni Victoire. Manchester United bleift dogéint ënnert den éischte fënnef Ekippen an der Tabell.
Arsenal - Brentford 2:1
1:0 Rice (19'), 1:1 Wissa (45+4'), 2:1 Havertz (86')
Arsenal huet eng knapp Victoire géint Brentford erreecht. No enger staarker Ufanksphas konnt den Declan Rice d’Gunners verdéngt mat 1:0 a Féierung bréngen. Mat enger gudder Leeschtung louch den 2:0 fir d’Haushären an der Loft, ma den zweete Gol vum Match sollt dann awer op där anerer Säit falen. Mat der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent hat sech den Aaron Ramsdale am Gol mam Ball um Fouss ze vill Zäit gelooss a gouf beim Versuch ze kläre vum Yoane Wissa blockéiert, wouropshin de Ball an de Gol geflunn ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Bologna - Inter 0:1
0:1 Bisseck (37')
Den Tabelleleader bleift duerch den nächste Succès weiderhi mat engem grousse Virsprong un der Spëtzt. An den éischte 45 Minutte war de Gaascht kloer déi besser Ekipp um Terrain a konnt déi gutt Prestatioun no 37 Minutten och am Numm vum Yann Aurel Bisseck mat engem Gol belounen. An der zweeter Hallschent huet sech d’Lokalekipp vu Bologna da méi engagéiert gewisen an huet Inter ëmmer mol nees a Schwieregkeete bruecht. Déi bescht Chance op den 1:1 hat de Joshua Zirkzee ronn zéng Minutte viru Schluss, um Enn sollt et awer bei der knapper Victoire fir Inter bleiwen.
Sassuolo - Frosinone 1:0
1:0 Thorstvedt (58')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lorient - Lyon 0:2
0:1 Tagliafico (52'), 0:2 Mama Baldé (64')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Valencia - Getafe 1:0
1:0 Hugo Duro (40')
Cadiz - Atlético Madrid 2:0
1:0 Juanmi (24'), 2:0 Juanmi (64')
Fir Atlético ass et am spuenesche Championnat den nächste Réckschlag ginn. Den 18. aus der Tabell huet seng éischt gutt Chance vum Match direkt genotzt a louch sou no 18 Minutten a Féierung. D’Gäscht aus Madrid haten zwar méi de Ball, sinn awer net geféierlech an de leschten Drëttel komm. Wéi aus dem Näischt ass an der 64. Minutt och den 2:0 gefall. De Juanmi huet vun engem géigneresche Feeler profitéiert a mat sengem zweete Gol vum Dag erhéicht. Bis zum Schluss war Atlético am Spill no vir ze schwaach a muss sech dowéinst um Enn och geschloe ginn.