Australian OpenAryna Sabalenka séchert sech den éischte Grand Slam vum Joer

RTL Lëtzebuerg
An der Finall setzt d'Belarussin sech mat mat 4-6, 6-3 a 6-4 géint d'Jelena Rybakina aus Kasachstan duerch.
© ANTHONY WALLACE / AFP

An domadder suerg d’Sabalenka fir eng Nouveautéit. Si ass nämlech déi éischte Tennisspillerin, déi e Grand-Slam-Tournoi ënnert neutralem Fändel gewënnt. Wéinst dem Krich an der Ukrain dierfe russesch a belarussesch Sportler a Sportlerinnen net an hire Landesfaarwen an Australien untrieden.

Hir Géignerin Rybakina ass zu Moskau op d’Welt komm, trëtt awer schonn zanter 2018 fir de Kasachstan un.

Back to Top
CIM LOGO