Champions LeagueAtlético klappt Dortmund, Barcelona gewënnt zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Atlético gewënnt mat 2:1 géint de BVB. Am zweete Match vum Owend zitt de PSG am Parc de Princes mat 2:3 géint Barcelona de Kierzeren.
© AFP

Nodeems en Dënschdeg ënnert anerem Real Madrid a Manchester City 3:3-Gläich gespillt hunn, sinn e Mëttwoch mat Atlético Madrid géint den BVB a PSG géint Barcelona déi zwee lescht Allersmatcher vun de Véierelsfinalle vun der Champions League gespillt ginn.

Resumé Champions League / Reportage Guy Seyler

Dobäi huet Atlético Madrid virun allem an der 1. Hallschent de Match géint den BVB dominéiert. An deenen zweete 45 Minutten ass Dortmund wat de Match mei laang gedauert huet ëmmer mei staark ginn. Den Uschloss ass hinne wuel gelongen, zu mei sollt et awer net duergoen. Dem Brandt säi Kappball ass an der Nospillzäit just un d’Lat gaangen.

Am zweete Match ass et am zu Paräis tëscht dem PSG a Barcelona hin an hier gaangen. Mol louch Barcelona a Féierung, mol d’Lokalekipp ronderëm de Kylian Mbappé. No intensiven 90 Minutte ka sech Barcelona um Enn mat 3:2 zu Paräis duerchsetzen.

D’Retourmatcher gi schonn déi nächst Woch gespillt.

Atlético Madrid - Borussia Dortmund 2:1

1:0 de Paul (4'), 2:0 Lino (32'), 2:1 Haller (81')

D’Ekipp vum Diego Simeone ass mat vollem Elan an de Match gestart. No engem schlechten Uspill vum Kobel op de Maatsen huet den Hollänner de Ball un den de Paul verluer deen aus 13 Meter de Score op 1:0 fir d’Lokalekipp gesat huet. Nëmmen 2 Minutte mei spéit huet de Kobel inekstremis géint de Witsel konnte paréieren. Zu dësem Zäitpunkt ass de BVB guer net aus der eegener Hallschent eraus komm. An der 32. Minutt huet de Samuel Lino eng weider Feelpass vum BVB konnten ausnotzen an huet dem Kobel am Gol vum BVB keng Chance gelooss. Dortmund krut, bis op déi lescht 10 Minutten, kee richtege Fouss op de Buedem an huet ze vill individuell Feeler gemaach, déi d’Lokalekipp äiskal ausgenotzt huet.

Dortmund war beméit de Match nom Téi u sech ze zeien. Alles an allem war Atlético an der Offensiv manner aktiv wéi nach an der 1. Hallschent. Ausnam war déi 76. Minutt, wou de Samuel Lino aus dräi Meter um Kobel hänke bliwwen ass. An der Schlussphase ass Dortmund mei aktiv ginn a konnt sech duerch den agewiesselten Haller mam Uschlossgol zum 1:2 belounen. An der Nospillzäit hat de Brandt nach eng gutt Chance, säi Ball sollt awer just un d’Lat goen, sou das um Enn eng 1:2-Néierlag fir Dortmund um Bou steet.

D'Goler aus dem Match Atlético Madrid géint Dortmund
Atlético Madrid konnt déi individuell Feeler vum BVB äiskaal ausnotzen. Um Enn steet et no 90 Minutten 2:1 fir Atlético.

Paris Saint-Germain - FC Barcelona 2:3

0:1 Raphinha (37'), 1:1 Dembele (48'), 2:1 Vitinha (51'), 2:2 Raphinha (62'), 2:3 Christensen (77')

De Resumé vum Match tëscht dem PSG a Barcelona.
Mol louch Barcelona a Féierung, mol d’Lokalekipp ronderëm de Kylian Mbappé. No intensiven 90 Minutte ka sech Barcelona um Enn mat 3:2 zu Paräis duerchsetzen.

Paräis ass wuel besser an de Match komm, huet awer kloer Golchance vermessen gelooss. An esou waren et Gäscht vu Barcelona déi em déi 20. Minutt sech zwou grouss Chancë konnten eraus spillen. D’Gäscht sinn an der Suite vum Match ëmmer mei staark ginn a sinn an der 37. Minutt duerch e perfekt gespillte Konter duerch de staark opspillende Raphinha mat 1:0 an d’Paus gaangen.

De PSG ass mat 100 à l’heure aus de Kabinne komm. Bannent 2 Minutten huet d’Ekipp vum Luis Enrique aus engem 0:1 een 2:1 gemach. Dembéle an der 48' an de Vitinha an der 50. Minutt hunn de Parc de Princes zum Kache bruecht. 5 Minutte mei spéit ass dem Barcola säi Schoss vum Ter Stegen un d’Lat gelenkt ginn. Barcelona war wuel geschockt, huet an der 62. Minutt duerch den omnipresente Raphinha awer nees konnten ausgläichen. Den agewiesselte Christensen huet du mat senge, 1. Ballkontakt an der 77. Minutt per Kappball fir d’Entscheedung gesuergt. Barcelona gewënnt e furiose Match mat 3:2 auswäert zu Paräis an huet sech eng gutt Ausgangspositioun eraus gespillt.

All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO