Champions LeagueAtlético Madrid klappt Liverpool, Haaland schéisst BVB zur Victoire

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war den Optakt vun den Aachtelsfinallen an de Champions League, wou direkt zwou Partië gespillt goufen.
© AFP

Atlético Madrid huet duerch e fréie Gol vum Saul Niguez mat 1:0 géint den Titelverdeedeger Liverpool gewonnen an Dortmund klappt Paräis mat 2:1 duerch zwee Goler vum Erling Haaland.

Champions League / De Resumé vum Guy Seyler

Borussia Dortmund - Paräis 2:1

Béid Ekippen hu sech an der Ufanksphas vun der Partie absolut näischt geschenkt. Souwuel d’Ekipp vum Lucien Favre wéi och d’Ekipp vum Thomas Tuchel wollt de Match u sech rappen, ma dat ass kenger Ekipp richteg gelongen. De BVB war wuel déi méi geféierlech Ekipp, ma si waren och nëmmen no Konterattacke geféierlech.

Esou koume si dann och zu hirer beschter Chance an der 27. Minutt, wou de Sancho den Navas am Gol vu Paräis uerdentlech op d’Prouf gestallt huet. Vum PSG war an dëser Phas offensiv net vill ze gesinn, esou ware si defensiv beméit, kee Géigegol zouzeloosse géint eng Dortmunder Ekipp, déi elo kloer d’Kontroll iwwer de Match hat, dat well Paräis am Opbauspill ëmmer nees liicht Feeler gemaach huet.

Dortmund war dem 1:0 elo immens no. Paräis huet ëmmer nees de Ball an der Mëtt verluer an Dortmund huet do séier Konterattacke lancéiert, ma do hunn déi Giel-Schwaarz dacks déi falsch Decisioune geholl, esou dass si de Ball net an de Gol kruten. Domat goung et beim Stand vun 0:0 an d’Paus.

Och nom Säitewiessel war Dortmund weider déi besser Ekipp an och déi méi geféierlech. Esou war et eemol den Hakimi op Konter hin, dee fir Gefor gesuergt huet an eemol de Sancho, ma de Gol sollt nach ëmmer net falen.

No knapp enger Stonn ass Paräis dunn awer méi staark ginn an haten direkt zwou gutt Chancen an zweemol war et den Mbappé, dee konnt de Bürki awer net iwwerwannen.

Grad an dëser Phas huet de BVB dunn awer zougeschloen. Den Hakimi ass iwwer déi lénks Säit geschéckt ginn, huet de Ball ofgeluecht an d’Mëtt op de Guerreiro, deem säi Schoss gouf geblockt an de Haaland stoung du genau richteg, fir de Ball iwwer d’Linn ze drécken. Deemno den 1:0 no 69 Minutte fir d’Lokalekipp.

Den 1:0 fir Dortmund duerch den Haaland
De jonke Stiermer vun Dortmund huet am séierste reagéiert an den 1:0 markéiert.

An der 76. Minutt dunn awer schonns d’Äntwert vum PSG. Den Mbappé huet vun engem Ausrutscher vum Zagadou profitéiert a konnt dunn de Ball eriwwerleeën op den Neymar, deen aus kuerzer Distanz de wichtegen Auswäertsgol markéiere konnt.

Den 1:1 fir Paräis duerch den Neymar
De Brasilianer mam wichtegen Auswäertsgol fir de PSG.

Elo war de Match awer richteg lancéiert, well den Haaland huet just eng Minutt méi spéit op en Neits markéiert. Aus knapp 17 Meter huet de jonke Spiller de Ball an de Gol gehummert. Dat war schonns säin 10. Gol an de Champions League an nëmme 7 Matcher.

Den 2:1 fir Dortmund duerch den Haaland
Nëmmen 1 Minutt nom Ausgläich konnt de jonken Norweger op en Neits markéieren.

Kuerz drop awer nees eng weider gutt Chance fir d’Gäscht. De Ball ass duerch de Strofraum geflunn a kee wollt en hunn, bis op den Neymar, deem säi Schoss awer net cadréiert war.

Och Dortmund hat nach eemol eng ganz gutt Chance duerch den Hakimi, dës sollt awer net eragoen, esou dass Dortmund sech um Enn mat 2:1 duerchsetze konnt. Eng verdéngte Victoire, ma nawell fir Paräis kee schlecht Resultat.

Déi beschten Zeenen aus der 2. Hallschent
An den zweete 45 Minutte sinn 3 Goler gefall, ma béid Ekippen haten och nach aner déck Chancen.

Atlético Madrid - FC Liverpool 1:0

Resumé vum Match tëscht Atlético Madrid a Liverpool
Den Titelverdeedeger Liverpool huet sech zu Madrid mat 0:1 misse geschloe ginn.

Atlético Madrid krut en Dënschdeg den Owend Besuch vum Titelverdeedeger Liverpool. D’Haushären hu vun Ufank u vill Drock gemaach a goufe fréi am Match fir hire Courage belount. An der 4. Minutt konnte si nämlech no engem Corner a Féierung goen. De Fabinho hat de Ball onfräiwëlleg opgeluecht fir de Saul Niguez, deen aus kuerz Distanz markéiert huet.

No knapp 10 Minutte sinn d’Reds dunn och wakereg ginn an no an no si si ëmmer méi staark ginn. Déi grouss Chancë goufen et awer nach net, well d’Spuenier defensiv ganz stabil stoungen.

D’Haushäre waren awer weiderhin op Konter geféierlech, esou och an der 20. Minutt, wou de Robertson artistesch kläre konnt. Méi spéit hat och nach de Morata eng gutt Geleeënheet.

Aneschter bei Liverpool, déi beméit waren, awer offensiv einfach keng Léisung fonnt hunn. Dacks sinn hir Schëss och einfach wäit donieft gaangen.

No 35. Minutte gouf et dunn eng éischt gutt Chance fir Liverpool, wou de Savic awer de Schoss vum Salah deviéiere konnt. Soss ass de Reds awer net vill gelongen, esou dass mam 1:0 d’Säite gewiesselt goufen.

Och no der Paus war et dat nämmlecht Bild: Liverpool mat ganz vill Ballbesëtz, dominant, ma keng Lächer an der Defense vun Atlético. Wéi staark d’Defense en Dënschdeg war, weist eleng de Fakt, dass Liverpool an den éischte 66 Minutten net een eenzege Schoss op de Gol vum Oblak bruecht haten.

No 68 Minutten hätt et du bal missen 2:0 fir Atlético Madrid stoen, ma de Morata war bei sengem Schoss ausgerutscht.

Dem amtéierenden Champions-League-Gewënner ass net genuch agefall an esou verléiere si um Enn den Allersmatch vun der Aachtelsfinall mat 0:1 zu Madrid.

Back to Top
CIM LOGO