FuttballAtletico-Star Diego Costa fir 8 Matcher gespaart ginn

RTL Lëtzebuerg
De 6. Abrëll hat den Diego Costa seng Nerven am Spëtzematch géint Barcelona net ënner Kontroll.
© AFP (Archiv)

Am Match géint Barcelona hat den Diego Costa sech opgereegt, well den Arbitter eng Aktioun vum Arthur net gepaff hat. Der Stiermer vun Atlético Madrid hat doropshin d’Mamm vum Arbitter beleidegt. Nodeems en dowéinst mat Rout vum Terrain gesat gi war, huet hien och nach den Arbitter un der Schëller ugepaakt.

Fir béid Saache gouf de Costa elo fir 8 Matcher gespaart, domadder ass d’Saison fir hie gelaf.

Back to Top
CIM LOGO