Zanter 5 Matcher net méi gewonnenAugsburg an Trainer Martin Schmidt gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg huet den FC Ausgburg annoncéiert, dass si sech vun hirem Trainer Martin Schmidt trennen.
© AFP

Vun de leschten 9 Matcher konnt de Bundesligist nëmmen ee gewannen, dat war den 1. Februar beim 2:1 géint Bremen. Augsburg ass domat bis op déi 14. Plaz zeréckgefall a rutscht domat ëmmer méi un de Wupp vun der Tabell.

Fir den Ofstig ze verhënneren an den Negativtrend ze stoppen, huet sech den FC Augsburg elo dofir entscheet, de Martin Schmidt ze entloossen, dat nodeems hien 11 Méint op der Trainerbänk vum FCA souz.

Nach ass net gewosst, wien de Posten iwwerhuele soll.

Back to Top
CIM LOGO