
D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet decidéiert, fir aus enger Iwwergangssaison der zwou ze maachen.
Eigentlech war jo decidéiert ginn, datt zum Beispill an der ieweschter Spillklass an der neier Saison vun den 16 Ekippen der 4 direkt ofsteigen.
Nodeems eng Partie Veräiner sech géintiwwer der FLF manifestéiert hunn, fir dëst Divisiouniwwergräifend z’iwwerdenken, gouf elo Decisioun geholl, fir sech zwou Saisonen Zäit ze ginn, fir nees op 14 Ekippen an der BGL Ligue ze kommen.
Deemno steigen elo no enger Saison maximal 3 Veräiner direkt of.