TennisAustralian Open - Wie sinn d'Favoritten?

Tom Hoffmann
D'Tenniswelt kuckt gespaant op d'Australian Open, déi e Méindeg zu Melbourne ufänken. Mir hu bei fréiere Profien nogefrot, wien hir Favoritte sinn.
Australian Open - Wie sinn d'Favoritten?
D’Tenniswelt kuckt gespaant op d’Australian Open, déi e Méindeg zu Melbourne ufänken. Mir hu bei fréiere Profien nogefrot, wien hir Favoritte sinn.

Den Novak Djokovic kéint hei fir déi 10. Kéier trompen. Den 21-fache Grand-Slam-Champion, aktuell Nummer 5 op der Welt, dierft no engem weideren Titel am Down Under glëschten. Schonn eleng fir mat sengem Dauerrival Rafael Nadal a Punkto Grand Slam Titele gläichzezéien. Fir de Gilles Muller, deen a senger aktiver Karriär géint den Djokovic gespillt huet, ass de Serb bei de Männer de Favorit op den Titel.

Bei den Damme kéint eng Tunesierin den Tournoi gewannen. D’Mandy Minella fënnt, dass d’Ons Jabeur, déi aktuell Nummer 2 an der Dammeweltranglëscht, gutt Kaarten am Grapp huet.

Wéi stinn dem Novak Djokovic seng Chancen a wie sinn d’Favoritinne bei den Dammen? Mir hu bei eise fréiere Profie Gilles Müller a Mandy Minella nogefrot.

D’Australian Open si vum 16.-29. Januar.

Back to Top
CIM LOGO