Internationale FuttballBarca an Atlético deele sech am Spëtzematch d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
An Italien spillt Neapel weider mat ëm eng Plaz an der Champions League. An England konnt Tottenham net vun der Néierlag vu Leicester profitéieren.
© AFP (Archiv)

An der La Liga a Spuenien bleift et weider ganz spannend an der Course ëm den Titel. Am Spëtzematch hu sech e Samschdeg Barcelona an Atlético Madrid mat engem 0:0 getrennt.

An der Ligue 1 huet Lyon Lorient mat 4:1 geklappt a steet domadder an der provisorescher Tabell op der drëtter Plaz.

Aus dem franséische Futtball war et e Samschdeg och d’Nouvelle, datt den Neymar säi Kontrakt beim PSG bis 2025 verlängert huet.

An der englescher Premier League gouf et fir Tottenham duerch eng 1:3-Defaite zu Leeds e Réckschlag an der Course ëm d’Champions-League-Plazen. Mancester City muss iwwerdeems weider op den Titel waarden. Géint Chelsea huet ee mat 1:2 de Kierzere gezunn.

An Däitschland ka sech Bayern München iwwert deen 9. Titel hannerenee freeën.

Premier League

Leeds - Tottenham 3:1
1:0 Dallas (13'), 1:1 Son Heung-Min (25'), 2:1 Bamford (42'), 3:1 Rodrigo (84')

An der englescher Premier gouf et e Samschdeg um 35. Spilldag fir Tottenham e Réckschlag an der Course ëm nach eng Plaz an der Champions League. D’Spurs hu sech nämlech mat 1:3 zu Leeds misse geschloe ginn.

Manchester City - Chelsea 1:2
1:0 Sterling (44'), 1:1 Ziyech (63'), 1:2 Alonso (90+2')

Chelsea huet eng fréizäiteg Meeschterfeier vu Manchester City um 35. Spilldag verhënnert. Am Hibléck, datt sech béid Ekippen an der Finall vun der Champions League géintiwwer stinn, konnt ee vun enger Partie taktesche Spillereien am Match ausgoen. Esou huet de Guardiola dann och seng Ekipp op néng Positioune géintiwwer der Champions-League-Halleffinall géint de PSG verännert. D’Ekipp vum Tuchel huet sech dovunner awer net beandrocke gelooss. D’Blues stoungen defensiv stabil, hu City de Ball iwwerlooss an hu probéiert, fir mat engem séieren Ëmschaltspill zum Erfolleg ze kommen. An der 44. Minutt war et dunn allerdéngs den Aguero, deen de Leader an der Premier League a Féierung bruecht huet. An der zweeter Hallschent ass ManCity offensiv nëmme wéineg gelongen. Chelsea dogéint huet sech schwéier gedoen, fir an der kompakter City-Defense Lächer ze fannen. An der 63. Minutt ass dat awer dem Ziyech gegléckt an esou huet hie fir d’Gäscht ausgeglach. Nom Ausgläich war Chelsea méi no un der Féierung drun. Kuerz viru Schluss ass dem Alonso dann och nach den decisiven 2:1 gelongen.

Liverpool - Southampton 2:0
1:0 Mane (31'), 2:0 Alcantara (90')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Spezia - Neapel 1:4
0:1 Zielinski (15'), 0:2 Osimhen (23'), 0:3 Osimhen (44'), 1:3 Piccoli (64'), 1:4 Lozano (79')

Neapel huet eng kloer 4:1-Victoire bei Spezia gefeiert. Domadder bleift de Veräin weider an der Course ëm d’Champions-League-Plazen. An der provisorescher Tabell steet een elo op der zweeter Plaz, dat mat engem Virsprong vun engem Punkt op Atalanta, Juventus an den AC Mailand.

Inter Mailand - Sampdoria Genua 5:1
1:0 Gagliardini (4'), 2:0 Sanchez (26'), 2:1 Keita (35'), 3:1 Sanchez (36'), 4:1 Pinamonti (61'), 5:1 Martinez (70')

Inter steet jo zanter dem leschte Weekend schonn als neie Champion an der Serie A fest. E Samschdeg den Owend huet een eng weider kloer Victoire gefeiert an dat mat 5:1 géint Sampdoria Genua.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lyon - Lorient 4:1
1:0 Aouar (53'), 2:0 Paqueta (65'), 3:0 Bruno (72'), 4:0 Bruno (77'), 4:1 Monconduit (83')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Atlético Madrid 0:0

Am Spëtzematch an der La Liga tëscht dem FC Barcelona an Atlético Madrid gouf et e Samschdeg kee Gewënner. Béid Ekippen hu sech mat engem 0:0 getrennt. Weder Barca nach Atlético dierfte mat dësem Resultat zefridde ginn. D’Gäscht waren am Match iwwer wäit Strecken déi besser Ekipp, ma huet et net fäerdeg bruecht, fir e Gol ze markéieren. Barcelona dogéint hat kuerz viru Schluss eng ganz déck Chance duerch de Messi, ma den Argentinier konnt de Fräistouss net verwandelen. Duerch den 0:0 huet Real d’Chance fir mat enger Victoire géint Sevilla e Sonndeg den Owend mam Leader Atlético gläichzezéien. Messi a Co hunn iwwerdeems e Retard vun zwee Punkten op Atlético Madrid.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO