Internationale FuttballBarça wënnt doheem héich, City ouni Méi géint Southampton

RTL Lëtzebuerg
Den Inter Mailand konnt an der Serie A mat engem knappen 2:1 de vollen Asaz kasséieren. Atlético Madrid koum net iwwer een 1:1 géint Alavés eraus.
© afp

League Cup

Manchester City - FC Southampton 3:1
1:0 Otamendi (20'), 2:0, 3:0 Agüero (38', 56'), 3:1 (Stephens (75')

No der batterer 0:9-Néierlag vu Southampton um leschte Weekend an der Premier League géint Leicester hunn d’The Saints missen am League Cup géint ManCity eng Reaktioun weisen. Mam aktuellen englesche Champion hate si awer een zolitte Géigner virun der Broscht, deen vun Ufank u keng Spannung opkomme gelooss huet an d’Partie fréi fir sech entscheede konnt.

© afp

FC Everton - FC Watford 2:0
1:0 Holgate, 2:0 Richarlison (90')

Everton huet sech am eegene Stadion net iwwerrasche gelooss a konnt an der Schlussphas vun der Partie géint den FC Watford d’Lous fir den nächsten Tour zéien.

Burton Albion - Leicester City 1:3
0:1 Iheanacho (7'), 0:2 Tielemans (20'), 1:2 Boyce (52'), 1:3 Maddison (89')

D’Foxes vu Leiceister City ware géint Burton Albion de Favorit. D’Ekipp vum Ex-Liverpool-Trainer Rodgers sinn dann och gutt an d’Partie gestart. No den éischte 45 Minutte war d’Richtung vum Match scho virginn: 2:0 an der Paus! Am weidere Verlaf konnt Burton Albion zwar den Uschlosstreffer markéieren, de Maddison huet awer an der Schlussphas vum Match d’Partie mam 3:1 entscheet.

Serie A

Brescia - Inter Mailand 1:2
0:1 Martinez, 0:2 Lukaku (63'), 1:2 Skriniar - Selbstgol (76')

Am italienesche Futtballchampionnat stoung um Dënschdegowend eng Partie um Menü. Hei krut et Brescia doheem mat dem gutt opgeluechten Inter Mailand ze dinn. Zwee Goler an den éischte 45 Minutten an ee weideren an den zweete sinn den Nerazzurri duergaangen, fir 3 Punkte mat heem ze huelen. Och de Selbstgol vum Skriniar huet näischt méi um Succès vu de Favoritten aus Mailand geännert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Barcelona - Real Valladolid 5:1
1:0 Lenglet (2'), 1:1 Kiko (15'), 2:1 Vidal (29'), 3:1, 4:1 Messi (34', 75'), 5:1 Suarez (77')

D’Katalane sinn am Camp Nou fréi duerch de Fransous Lenglet a Féierung gaangen, kruten awer gläich drop den 1:1 kasséiert. Nom Ausgläich huet just eng Ekipp gespillt an dat war den FC Barcenola. No zwee weidere Goler fir Barça vu Vidal a Messi virun der Paus, huet de Ballon-d’Or-Gewënner an de Suarez an der 2. Hallschecht de 4:1 an de 5:1 markéiert.

Deportivo Alavés - Atlético Madrid 1:1
0:1 Morata (70'), 1:1 Pérez (83')

Den Atlético hätt mat enger Victoire géint Alavés kéinten op déi 1. Tabelleplaz sprangen. No enger 1. Hallschecht ouni Goler konnt de Morata an der 2. markéieren. D’Freed iwwer d’Féierung war awer net vu laanger Dauer, well kuerz viru Schluss de Pérez fir seng Faarwen ausgläiche konnt.

© afp

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO