
Barcelona war gutt an de Match komm a war schonn no der éischter Hallschent mat 3:1 a Féierung. No der Paus hat Neapel et nach probéiert fir nees eng kéier erunzekommen mee dëst ass hinnen awer net méi gelongen an Barcelona verdeedegt den 3:1 bis zum Schluss.
Nodeems Bayern München schonn den Allersmatch mat 3:0 gewonnen hat, hunn déi Münchner am Réckmatch näischt méi ubrenne gelooss a gewannen och dëse Match mat 4:1 .
Domadder trëfft Bayern München an der Véierelsfinall op Barcelona.
FC Barcelona - SSC Neapel 3:1 (3:1)
1:0 Lenglet (10.’), 2:0 Messi (23.’), 3:0 Suarez (45.+1.’, Eelefmeter), 3:1 Insigne (45.+5.’, Eelefmeter)
Schonn direkt an der 2. Minutt hat Neapel eng grouss Chance op den 1:0 wéi de Mertens de Ball aus 10 Meter op de Potto geschoss huet. Och an de Minutten dono huet Neapel gutt Drock no vir gemaach mee an der 10. Minutt war et dann awer Barcelona déi mat 1:0 a Féierung gaange sinn. No engem Corner huet de Lenglet de Ball an de lénksen Eck gekäppt.
An der 23. Minutt huet de Messi alt nees eng kéier säi ganz Kënnen ënner Beweis gestallt. Vu riets ass den Argentinier an de Strofraum gezunn, huet 4 Spiller stoe gelooss an am falen de Ball an de laangen Eck geschlenzt.
Barcelona huet weider gutt kombinéiert an sech och weider Chancen erausgespillt. No engem oferkannte Gol vum Messi, krut Barcelona an der 45. Minutt en Eelefmeter zougesprach no engem Foul vum Koulibaly un de Messi. Dësen huet de Suarez äiskal erageschoss.
Just 4 Minutten drop krut och Neapel en Eelefmeter an hei war et den Insigne deen dem Ter Stegen keng Chance gelooss huet.
No der Paus war Neapel gutt am Match an hunn Drock gemaach fir e Gol ze schéissen an esou nees d’Chance ze hunn en Ronn weider ze kommen. Allerdéngs ass ze wéineg vun den Neopolitaner komm an et huet net dono ausgesinn wéi wann se de Match nach eng kéier dréine kéinten.
Dëst ass hinnen dann och net méi gelongen a Barcelona wënnt mat 3:1.
Bayern München - Chelsea London 4:1 (2:1)
1:0 Lewandowski (10.’, Eelefmeter), 2:0 Perisic (24.’), 2:1 Abraham (44.’), 3:1 Tolisso (76.’), 4:1 Lewandowski (84.’)
Nodeems de Gnabry eleng op de Caballero zougelaf ass, wollt den däitsche Nationalspiller de Ball laanscht de Golkipper leeën mee dësen huet de Gnabry um Fouss getraff. De fällegen Eelefmeter huet Lewandowski sécher an de rietsen Eck geschoss. An der 24. Minutt huet de Lewandowski de Ball vun der Strofraumgrenz op de Perisic ofgeluecht an deen huet de Ball just nach missen an de Gol schéissen. No 44 Minutten huet den Emerson de Ball vu lénks an d’Mëtt gespillt, de Neuer konnt de Ball net festhalen an den Abraham huet de Ball just missen an den eidele Gol drécken.
No der Paus war net den héijen Tempo am Match. Bayern huet net missen an Chelsea ass et net gelongen richteg Drock opzebauen. An der 76. Minutt konnt den Tolisso den 3:1 markéieren. De Lewandowski huet op de Fransous geflankt an deen konnt ganz fräi an de Gol schéissen. De Lewandowski war awer nach net fäerdeg an huet an der 84. Minutt nach de 4:1 geschoss nodeems de Pol no enger Flank vum Odriozola onhalbar an de Gol gekäppt huet. Domadder war de Lewandowski un alle Goler bedeelegt an den iwwerragende Spiller vum Match.