Champions LeagueBarcelona gewënnt mat engem staarke Messi 3:1 géint Dortmund

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war d'Suite vum virleschte Spilldag an der Gruppephas vun der Champions League.
© AFP

Am Toppmatch vum Owend tëscht Barcelona an Dortmund ass et vun Ufank u mat héijem Tempo lassgaangen. D’Resultat an der Paus louch bei 2:0 fir d’Katalanen. Nom Säitewiessel hu sech béid Ekippen näischt geschenkt, um Enn ass Barcelona verdéngt als Gewënner vum Terrain gaangen.

Am anere Match am Grupp F gouf et eng Victoire fir Inter. Lille, de Veräin vum Lëtzebuerger Gérard Lopez, huet keng Chance méi sech fir d'1/8-Finallen ze qualifizéieren. Liverpool huet géint Napoli nëmme gläichgespillt a Leipzig huet sech géint Benfica zeréckgekämpft an um Enn qualifizéiert.

Grupp F

Barcelona - Dortmund 3:1
1:0 Suarez (29'), 2:0 Messi (33'), 3:0 Griezmann (67'), 3:1 Sancho (77')

No der spektakulärer Affiche Real-PSG en Dënschdeg goung et mat enger net manner interessanter Explikatioun e Mëttwoch weider: de BVB ass op Barcelona gereest. An der katalanescher Haaptstad krut Schwaarzgiel am gréissten europäesche Futtballstadion direkt an der 1. Spillminutt déi 1. grouss Geleeënheet. No enger Onkonzentréiertheet konnt d’Borussia konteren, huet de Ball awer net am Filet ënnerbruecht.

Ënnert dem Impuls vum Messi sinn d’Katalane besser an de Match komm an hunn och de vermeintlechen 1:0 geschoss. Ma de Spiller, deen dem Suarez d’Virlag ginn huet, stoung bei der Aktioun am Abseits. Ronderëm déi hallef Stonn huet den Dortmunder Kipper dunn awer missen zweemol hannert sech gräifen, wéi de Suarez, déi Kéier net an der illegaler Zon, an de Messi markéiert hunn.

Den 1:0 fir Barcelona duerch de Suarez
Am 2. Versuch huet de Mann aus Uruguay fir seng Faarwe markéiert.
Den 2:0 fir Barcelona duerch de Messi
Géint de Secke Lénksschoss vum Argentinier konnt de Bürki am Gol näischt maachen.

Barcelona blouf och am weidere Verlaf vun der 1. Hallschecht déi besser Ekipp a sou goung et mat engem 2:0 fir d’Heemekipp op den Téi.

Fir de Säitewiessel huet de Schultz dem Sancho misse Plaz maachen, déi englesch Vedette sollt neien Driff an d’Attack vun den Dortmunder bréngen. An op eemol huet een en anere Wëlle bei Schwaarzgiel gesinn. Déi wuel gréisste Chance op den 1:2-Uschlosstreffer hat de Brandt op der Stonn, den ter Stegen konnt seng Këscht awer propper halen. Kuerz drop huet et op der aner Säit fir drëtt gerabbelt, déi Kéier war et de Griezmann, deen annetze konnt.

Den 3:0 fir Barcelona duerch de Griezmann
Den 3:0 vum franséische Weltmeeschter war d’Entscheedung am Match.

Dortmund huet sech net opginn an duerch de Sancho zeréck an de Match fonnt - dee Wiessel vum Trainer Favre hat sech gelount. Och den agewiesselten Zagadou huet fir Stabilitéit hannendra gesuergt.

Den 1:3 fir Dortmund duerch de Sancho
D’Borussia koum nach eng Kéier duerch ee wonnerbare Schoss vum Englänner zeréck an de Match.

Kuerz viru Schluss huet de Sancho dunn ee weidere geféierleche Schoss ofginn, deen den däitsche Kipper am spuenesche Gol awer un de Potto deviéiere konnt. Um Enn huet Schwaarzgiel trotzdeem eng batter Néierlag géint ee Géigner missen astiechen, deen e Mëttwoch den Owend eng Nummer ze grouss war. Um leschte Spilldag entscheet sech dann, wien nieft dem Barça - Dortmund oder Inter - an d'1/8-Finallen anzitt.

Slavia Prag - Inter 1:3
0:1, 1:3 Martinez (19', 88'), 1:1 Soucek (37'), 1:2 Lukaku (81')

D’Italiener goungen als Favorit an den Duell géint Slavia Prag. Inter wollt mat engem fréie Gol fir kloer Verhältnisser suergen, dat ass den Nerazzurri awer nëmmen deels gelongen. Zwar si si duerch de Martinez an der 19. Spillminutt a Féierung gaangen, kruten awer op Eelefter den Ausgläich geschoss. No der Paus huet de Lukaku an der 81. Minutt vun engem Ausrutscher vum tschecheschen Ofwierspiller du profitéiert, fir seng Ekipp op en Neits a Féierung ze bréngen. An de Schlussminutten ass den Italiener nach den 3:1 gelongen.

Den anere Match aus dem Grupp F
Inter huet Slavia Prag 3:1 geklappt.

Grupp E

Liverpool - Napoli 1:1
0:1 Mertens (21'), 1:1 Lovren (65')

Op der Anfield Road hunn d’Neapolitaner mat engem Succès den aktuelle Leader an Titelverdeedeger Liverpool am direkten Duell an der Tabell kënnen iwwerhuelen. Ee laange Ball ass an der 21. Minutt duergaangen, fir d’Ofwier vun de Reds auszehiewen. De Belsch Mertens blouf virum Kipper äiskal an huet op 1:0 gestallt. An der 2. Hallschecht huet Liverpool a Richtung “The Kop” gespillt a sech an der 65. Minutt fir d’Beméiunge belount. D’Reds ware wuel déi besser Ekipp, fir eng Victoire ass et awer net duergaangen. D’Entscheedung ëm d'1/8-Finall fält um leschte Spilldag.

Genk - Salzburg 1:4
0:1 Daka (43'), 0:2 Minamino (45'), 0:3 Hwang (69'), 1:3 Samata (85'), 1:4 Haaland (87')

Mat engem duebele Coup kuerz virum Téi ass Salzburg zu Genk mat engem 2:0-Avantage an d’Paus gaangen. D’Éisträicher wollte sech mat 3 Punkten eng europäesch Plaz iwwerwanteren an no den éischte 45 Minutten huet dat och gutt ausgesinn. Salzburg huet am 2. Duerchgang näischt méi ubrenne gelooss an d’Partie gewonnen.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp E
Liverpool an Napoli hunn d’Punkte gedeelt, Salzburg hat zu Genk keng Méi.

Grupp G

Leipzig - Benfica 2:2
0:1 Pizzi (20'), 0:2 Vinicius (59'), 1:2, 2:2 Forsberg (89', 90'+6)

RB war géint Benfica am eegene Stadion gefuerdert a wollt sech mat 3 Punkten oder engem Gläichspill gutt Aussiichte fir eng Qualifikatioun fir d'1/8-Finalle sécheren. De Pizzi, de Portugis, dee virun annerhallwer Woch nach géint Lëtzebuerg am Asaz war, huet dëse Projet vun den Däitschen an der 20. Minutt gebremst. Nom Téi war RB géint Benfica gefuerdert. D’Bullen hunn awer kuerz virun der Stonn ee weidere Géigegol missen hinhuelen. Kuerz virun der 90. Spillminutt ass Leipzig duerch een Eelefter vum Forsberg den Uschlossgol gelongen. An der Nospillzäit gouf et geckeg, well de Schwed eng weider Kéier markéiere konnt - dat war de Gol, deen RB fir d'1/8-Fialle gebraucht huet.

Zenit - Lyon 2:0
1:0 Dzyuba (42'), 2:0 Ozdeov (84')

Sankt Péitersbuerg ass no der 2:0-Victoire am eegene Stadion géint Olympique Lyon weider an der Course ëm eng Plaz an der 1/8-Finall. Eng Plaz iwwer Wanter an der Europa League hunn d’Russe scho sécher. Ee Käpper an der 1. an ee Lénksschoss an der 2. Hallschecht hunn dem Zenit den Erfolleg bruecht.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp G
Zenit huet géint Lyon gewonnen a Leipzig koum géint Benfica zeréck.

Grupp H

Lille - Ajax 0:2
0:1 Ziyech (2'), 0:2 Prommes (59')

Alles anescht wéi gutt ass Lille mam Lëtzebuerger President Gérard Lopez géint Ajax an de Match komm. Direkt an der 2. Minutt huet den Ziyech d’Hollänner mat engem proppere Lénksschoss a Féierung bruecht. An den zweete 45 Minutten huet vum LOSC missen eng Reaktioun kommen, och wann d’Fransouse punktentechnesch keng Chance méi op ee Weiderkommen haten. Um Enn sinn d’Hollänner als Gewënner vum Terrain gaangen.

Valencia - Chelsea 2:2
1:0 Soler (40'), 1:1 Kovacic (41'), 1:2 Pulisic (50'), 2:2 Wass (82')

No dem 2:2-Gläichspill vu Valencia an Chelsea am Estadio de Mestalla ka wuel keng Ekipp richteg zefridde mam Resultat sinn. Béid Säiten hätten u sech eng Victoire gebraucht, fir un d’Tabellespëtzt vum Grupp H ze sprangen an eng méi confortabel Avance ze hunn. Highlight vum Match war dem Wass säin 2:2-Ausgläichstreffer: eng Flank goung vum Potto direkt an de Gol.

De Resumé vun de Matcher aus dem Grupp H
Valencia spillt 2:2 gläich géint Chelsea a Lille huet keng Chance géint Ajax.

Back to Top
CIM LOGO