
Benfica Lissabon mam Leandro Barreiro huet sech e Mëttwoch den Owend fir d’Champions League qualifizéiert. Nom 0:0 am Allersmatch huet een de Retourmatch géint Fenerbahce mat 1:0 gewonnen an domadder och d’Qualifikatioun fir d’Ligaphas perfekt gemaach.
De Lëtzebuerger Leandro Barreiro stoung bei Benfica vun Ufank un um Terrain an huet den decisiven 1:0 vum Aktürkoglu an der 35. Minutt virbereet. An der 69. Minutt huet de Barreiro Giel gesinn an huet de Match duerchgespillt.
Fenerbahce mam Trainer José Mourinho muss deemno weider op e Retour an d’Champions League waarden.
En Donneschdeg den Owend um 18 Auer ass d’Auslousung vun der Ligaphas. Hei kéint et fir Lissabon richteg wäit goen. Mat Almaty huet sech nämlech e Veräin aus dem Kasachstan qualifizéiert. Vu Portugal aus wieren et ronn 6.900 Kilometer, esou wäit hu Veräiner bis ewell nach ni misse reesen. Almaty hat sech en Dënschdeg den Owend am Eelefmeterschéisse géint Celtic Glasgow duerchgesat.
All d’Resultater vun der Champions League ginn et hei.
DFB-Pokal
E Mëttwoch den Owend war nach eng Partie vun der éischter Ronn am DFB-Pokal. Den däitsche Rekordchampion Bayern war bei Wehen Wiesbaden aus der 3. Liga gefuerdert an huet et spannend gemaach. De Rekordgewënner am DFB-Pokal huet sech no engem Gol vum Kane an der Nospillzäit mat 3:2 (1:0) duerchgesat a fir d'31. Kéier noeneen déi éischt Ronn iwwerstanen.
De Kane hat d’Bayern an der 16. Minutt duerch een Eelefmeter a Féierung bruecht. An der 51. Minutt hat den Olise op 2:0 erhéicht. Bannent sechs Minutten ass et dunn allerdéngs der Lokalekipp gelonge fir auszegläichen. De Kaya huet direkt zweemol markéiert (64', 70'). Duerno huet de Kane en Eelefmeter géint de staarke Golkipp Stritzel (76') verschoss, ier dem englesche Stiermer (90+4') awer nach den decisive Gol gelongen ass.
League Cup
No engem schwaache Premier-League-Start ass Manchester United well an der zweeter Ronn vum League Cup eliminéiert ginn an dat géint Grimsby Town aus der 4. Liga. D’Lokalekipp loucht laang mat 2:0 a Féierung, ier Manchester United an der Schlussphas nach den Ausgläich gelonge war. D’Decisioun ass dunn am Eelefmeterschéisse gefall an hei huet sech den Underdog no net manner wéi 26 Eelefmetere mat 12:11 behaapt.
Weider Resultater aus dem internationale Futtball fannt Dir hei.