
Köln - Bayern München 1:4
0:1 Lewandowski (3'), 0:2 Coman (5'), 0:3 Gnabry (12'), 0:4 Gnabry (66'), 1:4 Uth (70')
Schonn no gutt 10 Minutten war de Match zu Köln sou gutt wéi entscheet. Ugefaangen huet alles mam Lewandoski, dee schonn no 3 Minutten den 1:0 fir d’Gäscht vu München schéisse konnt. Knapps 2 Minutte méi spéit war et dann de Coman deen op 2:0 erhéicht huet. All ze laang sollt et dann och net fir den drëtte Gol daueren, wéi de Gnabry an der 12. Minutt den 3:0 geschoss huet. Am Schoungang ass et bis d’Paus weidergaangen, sou dass et mat enger kloerer 3:0 Féierung an d’Vestiairë gaangen ass. Nom Säitewiessel war den däitsche Rekordmeeschter weiderhin déi besser Ekipp a sou war et nees de Gnabry, dee mat sengem zweete Gol op 4:0 gesat huet. En Éieregol krut d’Ekipp vu Köln dann awer nach geschoss. De Mark Uth war et, deen 20 Minutte viru Schluss op 1:4 verkierze konnt. Um Schlussresultat sollt dat awer näischt méi änneren.
Mainz - Schalke 0:0
Am Match géint den FC Schalke stoung nees de Leandro Barreiro vun Ufank un um Terrain. D’Gäscht waren an den éischte Minutten net all ze aktiv, sou dass d’Lokalekipp zu der eng oder anerer Chance komm ass. Eng Féierung no 45 Minutte wär fir Mainz net onverdéngt gewiescht, mat engem 0:0 ass et awer an d’Paus gaangen. An der zweeter Hallschent huet de Gaascht da besser an de Match fonnt, ma béid Ekippe wollten net ze vill riskéieren, sou dass déi ganz grouss Golchancen ausbliwwe sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Aston Villa - Tottenham 2:3
1:0 Alderweireld (9'), 1:1 Alderweireld (27'), 1:2 Son (45+2'), 2:2 Engels (53'), 2:3 Son (90+4')
No knapps 10 Minutten ass d’Lokalekipp duerch e Selbstgol vum Alderweireld a Féierung gaangen. Dëse Feeler sollt den Defenseur vun Tottenham an der 27. Minutt dann awer selwer corrigéieren, wéi hien no Viraarbecht vum Dier de Gol zum 1:1-Ausgläich markéiere konnt. Kuerz virun der Paus war et dann de Son, deen den Eelefmeter am Noschoss réischt verwandele konnt an d’Gäscht sou mat enger Féierung an d’Vestiairë geschéckt huet. Am zweeten Duerchgang war et dann awer nees un den Haushären. Den Engels huet mat sengem Gol op 2-2 ausgeglach an d’Spannung nees gehuewen. Déi sollt dann och bis kuerz virum Schluss undaueren, wéi de Son nees an der Nospillzäit den entscheedende Gol an der 94. Minutt geschoss, an domat Tottenham déi 3 Punkte geséchert huet.
Arsenal - Newcastle 4:0
1:0 Aubameyang (54'), 2:0 Pepe (57'), 3:0 Özil (90'), 4:0 Lacazette (90+5')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Juventus - Brescia 2:0
1:0 Dybala (38'), 2:0 Cuadrado (75')
Den Tabelleleader aus der Serie A huet am Match géint Brescia net vill ubrenne gelooss. An der 38. Minutt war et eng éischte kéier den Dybala, deen den Gol zu der 1:0 Féierung schéisse konnt. 15 Minutte viru Schluss huet de Cuadrado da mat sengem Gol zum 2:0 den Deckel op de Match gemaach.
Cagliari - Neapel 0:1
0:1 Mertens (66')
Lazio Roum - Inter Mailand 2:1
0:1 Young (44'), 1:1 Immobile (50'), 2:1 Milinkovic-Savic
An der Spëtzepartie am italienesche Championnat huet Lazio Roum mat 2:1 géint Inter Mailand gewonnen. Domadder huet Lazio Inter an der Tabell iwwerholl a steet elo mat engem Punkt Retard op Juventus Turin op der 2. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lyon - Stroossbuerg 1:1
1:0 Traore (21'), 1:1 Zohi (42')
Lille - Marseille 1:2
1:0 Osimhen (51'), 1:2 Mandava (Selbstgol) (66'), 2:2 Benedetoo (69')
Am Spëtzmatch an der Ligue huet Lille, d’Ekipp vum President Gérard Lopez mat 1:2 géint den Tabellenzweete verluer. Batter fir Lille, de Mandava hat an der 66 Minutt de Ball an den eegene Gol gesat. Lille bleift op der 4. Plaz an der Tabell.
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Sevilla - Espanyol Barcelona 2:2
1:0 Ocampos (15'), 1:1 Embarba (35'), 1:2 Wu Lei (50'), 2:2 Suso (80')
No enger Véierel Stonn war et den Ocampos, deen de Favorit Sevilla mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Den Tabelleleschten aus der spuenescher Liga krut sech awer gefaangen a sou war et den Embarba, deen 20 Minutte méi spéit op 1:1 ausgläiche konnt. No der Paus huet de Gaascht op e weidere Gol gedréckt, wat dann och gelongen ass. An der 50. Minutt war et de Wu Lei, deen d’Ekipp vu Barcelona mat 2:1 a Féierung brénge konnt. Déi wichteg dräi Punkte sollten awer net un d’Gäscht goen, nodeems de Suso 10 Minutte viru Schluss de Punkt fir Sevilla mat sengem Gol zum 2:2 séchere konnt.
Real Madrid - Celta Vigo 2:2
0:1 Smolov (7'), 1:1 Kroos (52'), 2:1 Ramos (65'), 2:2 Mina (85')