
En Donneschdeg den Owend waren d’Allersmatcher vun den Aachtelsfinallen an der Europa League.
An do huet sech Wolfsburg doheem géint Donezk misste geschloe ginn. D’Gäscht waren an der 16. Minutt duerch de Junior Moraes a Féierung gaangen. No all Kéiers engem verschossenen Eelefmeter fir all Ekipp huet den Brooks an der 49. Minutt ausgeglach. No 73 Minutte war et de Marcos Antonio, deen Schachtar a Féierung sollt bréngen a senger Ekipp domadder eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch sollt sécheren.
Nach méi schwéier huet sech Frankfurt doheem géint Basel gedoen. An der Paus ware si schonn 0:1 hannen, dat no engem Gol vum Campo an der 27. Minutt. Ma den Bua (73') an de Frei (85') sollte béid nach een dropleeën, esou datt Basel scho quasi mat engem Been an de Véierelsfinalle vun der Europa League steet.