Schi AlpinBassino am Riseslalom nees net ze schloen, Foss-Solevaag mat 1. Slalom-Victoire

RTL Lëtzebuerg
Déi bescht Riseslalom-Fuererin huet e Sonndeg op en Neits a Slowenien gewonnen. Bei den Häre gouf et beim 6. Slalom an dëser Saison de 6. Gewënner.
© AFP (Archiv)

Am Schi-Alpin-Weltcup stoung nom Samschdeg e Sonndeg zu Flachau an Éisträich e weidere Slalom um Programm. No enger weiderer spannender Course konnt sech de Sebastian Foss-Solevaag iwwert seng éischte Victoire an engem Slalom freeën. Den Norweger ass a béiden Duerchgäng eng Beschtzäit gefuer. Op de Podium sinn nach den Éisträicher Marco Schwarz, deen nom éischten Duerchgang op der véierter Plaz louch, an de Fransous Alexis Pinturault, deen nom éischte Laf nach den Aachte war, gefuer. Si haten e Retard vun 0,76 respektiv 0,95 Sekonnen op de Gewënner aus Norwegen.

Bassino wënnt och zweete Riseslalom a Slowenien

Zwou Courssen, zweet Victoire fir d’Italienerin Marta Bassino am slowenesche Kranjska Gora. No hirer Victoire e Samschdeg huet déi aktuell weltbescht Riseslalom-Fuererin och d’Competitioun e Sonndeg gewonnen.

Mat engem staarken zweeten Duerchgang huet sech d’Bassino nach vun der zweeter op déi éischt Plaz verbessert. D’US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin, déi nom éischten Duerchgang nach a Féierung louch, ass op déi sechste Plaz zeréckgefall (+1,27 Sekonnen). Op déi zweete Plaz ass d’Schwäizerin Michelle Gisin (+ 0,66 Sekonnen) gefuer, dat virun der Slowenin Meta Hrovat (+ 0,73 Sekonnen).

Marta Bassino
Marta Bassino
© AFP (Archiv)

Top 10

Hären

1 Sebastian Foss-Solevaag Flagge Norwegen 53,50 52,73 1:46,23
2 Marco Schwarz Flagge Österreich 53,84 53,15 + 0,76
3 Alexis Pinturault Flagge Frankreich 54,18 53,00 + 0,95
4 Loic Meillard Flagge Schweiz 53,85 53,52 + 1,14
5 Fabio Gstrein Flagge Österreich 53,77 53,61 + 1,15
6 Luca Aerni Flagge Schweiz 54,10 53,44 + 1,31
7 Henrik Kristoffersen Flagge Norwegen 54,01 53,58 + 1,36
8 Kristoffer Jakobsen Flagge Schweden 54,52 53,10 + 1,39
9 Ramon Zenhäusern Flagge Schweiz 54,63 53,26 + 1,66
10 Michael Matt Flagge Österreich 54,42 53,62 + 1,81

Dammen

1 Marta Bassino Flagge Italien 1:10,72 1:07,34 2:18,06
2 Michelle Gisin Flagge Schweiz 1:10,86 1:07,86 + 0,66
3 Meta Hrovat Flagge Slowenien 1:11,28 1:07,51 + 0,73
4 Lara Gut-Behrami Flagge Schweiz 1:11,69 1:07,51 + 1,14
5 Tessa Worley Flagge Frankreich 1:11,38 1:07,93 + 1,25
6 Mikaela Shiffrin Flagge USA 1:10,42 1:08,91 + 1,27
7 Sofia Goggia Flagge Italien 1:11,50 1:08,63 + 2,07
8 Wendy Holdener Flagge Schweiz 1:12,31 1:07,89 + 2,14
9 Alice Robinson Flagge Neuseeland 1:11,95 1:08,43 + 2,32
10 Petra Vlhová Flagge Slowakei 1:11,85 1:08,62 + 2,41

Back to Top
CIM LOGO