
E Mëttwoch den Owend gouf et viru ronn 300 Zuschauer eng batter 0:7-Néierlag fir déi jonk Rout Léiwe géint Nordirland. D’Ekipp vum Trainer Nicolas Grezault war virun allem an der Ufanksphas vun der Partie komplett iwwerfuerdert mat der extrem offensiver Spillweis vun den Nordiren an esou stoung et schonns an der Paus 5:0.
Nordirland huet an der zweeter Hallschent direkt e puer Gäng erofgeschalt, ma nawell ware si déi kloer besser Ekipp an esou wanne si um Enn verdéngt mat 7:0.
Déi 3 Matcher an enger Woch huet een de jonke Lëtzebuerger och ugemierkt. Si ware laang net méi sou fit an haten extrem Problemer am Opbauspill an an den Zweekämpf. Den Nicolas Grezault huet dann nom Match och betount, dass ee virun allem och un der Mentalitéit schaffe misst
Um 1. Spilldag vum EM-Qualifikatiouns-Tournoi am Grupp 2 huet Lëtzebuerg viru 575 Spectateuren zu Rëmeleng 0:6 géint Italien verluer. Och um 2. Spilldag gouf et eng Néierlag fir den Nowuess vun der FLF. Do hu mat 1:4 de Kierzere géint d’Tierkei gezunn.