Europa LeagueBatter Néierlag fir Moris mat Saint-Gilloise géint Liverpool

RTL Lëtzebuerg
An der Europa League waren et d'Matcher vum zweete Spilldag vun der Gruppephas.
© Photo by Oli SCARFF / AFP

Marseille krut et heibäi mat Brighton & Hove Albion ze dinn. D’Fransouse konnten da fréi a séier a Féierung goen, datt no Goler vum Mbema an der 19. an dem Veretout an der 20. Minutt. Dëse Virsprong konnte si bis zu der 54. Minutt halen, bis de Groß op 1:2 aus der Siicht vun den Englänner verkierzt huet. Brighton huet sech dann net opginn a weider Drock gemaach. Den agewiesselte Joao Pedro konnt dunn an der 88. Minutt op 2:2 verkierzen, dat nodeem den Arbitter no engem Foul am Strofraum op Eelefmeter decidéiert hat. Bei deem Score ass et dann och bliwwen.

Freiburg huet sech doheem West Ham United misste geschloe ginn. D’Englänner ware schonn no 8 Minutten duerch de Paqueta a Féierung gaangen a konnten déi bis an d’Paus halen. Kuerz nom Säitewiessel dunn huet de Sallai nees ausgeglach, ma an der 66. Minutt war et den Aguerd, deen den decisiven 2:1 fir West Ham markéiert huet.

Mam selwechte Resultat huet och Atalanta Bergamo bei Sporting konnte gewannen. D’Italiener waren an der 33. Minutt duerch den Scalvini an an der 44. duerch de Ruggeri mat engem 2:0-Avantage an d’Kabinne gaangen. Sporting ass den Uschloss an der 76. Minutt duerch de Gyökeres gelongen, nodeem den Arbitter mat Hëllef vum VAR de Portugisen e Penalty zougesprach hat.

De Lëtzebuerger Anthony Moris ass da mat Union Saint-Gilloise aus der Belsch bei de groussen FC Liverpool gereest. D’Englänner haten an den éischte 45 Minutten déi besser Chancen, ma och d’Belsch hu sech net verstoppt. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp sollt dunn an der 44. Minutt awer déi éischte Kéier hannert sech gräifen, wéi de Gravenberch vum deviéierte Schoss vum Alexander-Arnold profitéiert huet, fir ze markéieren. Och nom Téi huet Liverpool laang gebraucht, fir nach eng Kéier ze markéieren. Eréischt an der 92. Minutt konnt den Diogo Jota op 2:0 erhéijen. D’Belsch dogéint haten nom Säitewiessel net wierklech eng richteg Grousschance op den Ausgläich.

Alleguerten d’Resultater am Iwwerbléck

Alleguerten d’Tabellen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO