Internationale FuttballBayern a Bremen an der Halleffinall, PSG an der Finall

RTL Lëtzebuerg
Am englesche Championnat ass Manchester City nees Éischten an der Tabell.
© AFP

A ville Länner gouf e Mëttwoch den Owend Futtball gespillt.

DFB-Pokal

Am däitschen DFB-Pokal waren déi zwou lescht Véierelsfinalle fir e Mëttwoch programméiert. No Hamburg a Leipzig um Dënschdeg kënne sech e Mëttwoch Bayern München a Werder Bremen fir d’Halleffinall qualifizéieren.

Bayern München hat den Zweetligist Heidenheim op Besuch ... an hat ferm Krämpes. Um Enn stoung et 5:4 fir d’Münchner - ouni Verlängerung an Eelefmeterschéissen, wuel gemierkt!

Zu der Evolutioun vum Score: An der 12. Minutt huet de Leon Goretzka de Score fir München opgemaach, ma nëmmen eng Minutt drop eng kal Dusch fir den FCB, well no enger Noutbrems gouf den Niklas Süle vum Terrain gestallt. Eng rout Kaart an der ganz fréier 13. Minutt ... dat huet déi ganz staark Heidenheimer zousätzlech motivéiert. An der 26. Minutt huet dunn de Robert Glatzel fir Heidenheim getraff an an der 39. huet dunn de Marc Schnatterer souguer den 2:1 fir d’Gäscht geschoss. Esou goung et och an d’Paus.

Duerno war et awer nees un de Münchner: An der 53. huet den Thomas Müller getraff, an der 56. de Robert Lewandowski an an der 65. de Serge Gnabry. Also 4:2 fir d’Münchner, ma wie gemengt hat, elo wier d’Mass gelies, deen hat sech awer geschnidden, well de Robert Glatzel, deen ewell mam 1:1 egaliséiert hat, huet an der 74. den 3:4 geschoss an an der 77. op Eelefmeter och nach de 4:4.

Et war e sensationelle Coupematch zu München an der Arena an och wann de Match eng Verlängerung verdéngt gehat hätt, et blouf net beim 4:4, well an der 84. Minutt krut den FCB en Handeelefmeter gepaff an deen huet de Lewandowski fir de 5:4 verwandelt.

Bayern München steet also an der Halleffinall ... an evitéiert de justesse eng Blamage.

Déi lescht Véierlsfinall tëscht Schalke a Bremen gouf um 20.45 ugepaff. An do konnten d’Bremer d’Gelsenkirchener fir d’drëtt an dëser Saison klappen. Mat 2:0 ka sech Werder nämlech op Schalke duerchsetzen, duerch Goler vu Milot Rashica an Davy Klaassen. Domat steet Bremen fir déi 21. Kéier an der Halleffinall vum DFB-Pokal ... a Schalke kann och ënnert dem Interimstrainer Huub Stevens seng Chancen net notzen, well et gouf der genuch ...

En Dënschdeg konnte sech ewell Hamburg a Leipzig fir d’Halleffinall qualifizéieren.

D’Halleffinalle ginn den 23. a 24. Abrëll gespillt, d’Finall dann de 25. Mee am Berliner Olympia-Stadion.

Coupe de France

Och a Frankräich gouf Coupe gespillt, do ass een awer scho méi wäit wéi an der Bundesligae: No Rennes um Dënschdeg ka sech e Mëttwoch de PSG fir d’Finall qualifizéieren. Mat 3:0 gewënnt Saint-Germain géint Nantes, duerch Goler vu Verratti, Mbappé (Eelefmeter) an Dani Alves.

De Stade Rennais hat sech en Dënschdeg 3:2 zu Lyon duerchgesat.

D’Finall PSG-Rennes gëtt de 27. Abrëll am Stade de France gespillt.

Premier League

An der englesche Premier League huet elo nees Manchester City d’Nues vir, well d’Ekipp vum Pep Guardiola konnt en Nodrosmatch géint Cardiff City 2:0 gewannen an huet elo, 6 Deeg virum leschte Spilldag, eng Avance vun engem Punkt op Liverpool vum Jürgen Klopp.

D’Premier League am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO