
Um 2. Spilldag an der Champions League gouf et Victoirë fir Paräis, Juventus Turin, Atlético Madrid, Manchester City, Donezk, Belgrad a Bayern München. Real Madrid a Bruges spillen 2:2 gläich.
Real Madrid - Club Bruges 2:2
Déi Kinneklech koumen en Dënschdeg den Owend doheem géint Bruges mat engem bloen A dovun. An der éischter Hallschent krute si nämlech zwee Goler geschoss. Zweemol war et den Dennis, deen de Courtois am Gol vu Madrid iwwerwanne konnt an esou louchen d’Belsch an der Paus mat 2:0 am Avantage. An der Paus huet de Zidane du reagéiert an direkt zweemol gewiesselt, ënnert anerem huet hien de Courtois vum Terrain geholl. An den zweete 45 Minutten ass et dunn och besser gaangen, an der 55. Minutt konnt nämlech de Sergio Ramos per Kapp verkierzen. An der 84. Minutt krut de Vormer dunn no engem Foul Giel-Rout a Real ee Fräistouss. Dësen huet de Kroos op de Kapp vum Casemiro bruecht, deen den Ausgläich markéiere konnt. Dëst sollt dann och d’Schlussresultat sinn, esou dass d’Madrilenen eng zwee Néierlag am zweete Match nëmme knapps evitéiere konnten.
Galatasaray Istanbul - Paris St. Germain 0:1
Paräis huet 30 Minutte laang richteg Drock gemaach, war geféierlech an huet gutt kombinéiert, ma nawell hu si et net fäerdegbruecht, e Gol ze schéissen. Den Di Maria hat zwou gutt Chancen an och de Sarabia hat den 1:0 um Fouss. Kuerz virun der Paus ass Galatasaray dunn awer méi aggressiv ginn an de Spillfloss ass esou e bësse verluer gaangen.
Nom Säitewiessel konnt Paräis dunn awer verdéngt a Féierung goen. De Sarabia ass am Strofraum ugespillt ginn an do huet hien de Ball eriwwergeluecht op den Icardi, deen et sech aus kuerzer Distanz net huele gelooss huet. Domat ass et déi zweete Victoire am zweete Match fir d’Fransousen.
Roude Stär Belgrad - Olympiacos Piräus 3:1
An der éischter Hallschent ass laang Zäit net all ze vill geschitt, ma an den éischte 45 Minutte sollt nawell ee Gol falen an dat fir d’Gäscht aus Griicheland. An der 37. Minutt konnt nämlech de Semedo op Virlag vum Masouras markéieren.
An der 58. Minutt dunn awer ee Réckschlag fir d’Griichen, do krut de Benzia nämlech déi zwee giel Kaart an huet also fréizäiteg dierfen dusche goen.
Nëmme 5 Minutte méi spéit huet Belgrad du schonns d’Iwwerzuel ausgenotzt a konnt duerch de Vulic ausgläichen.
D’Serbe konnten och nach eng zweete Kéier vun dëser Iwwerzuel profitéieren. An der 87. Minutt huet de Milunovic nämlech den 2:1 markéiert. De Boakye huet dunn an der 90. Minutt och nach den 3:1 geschoss, wat dann och d’Schlussresultat war.
Tottenham Hotspur - Bayern München 2:7
Bayern war u sech gutt an de Match erakomm a si haten duerch de Serge Gnabry och déi éischt gutt Chance vum Match, ma Tottenham war nawell déi liicht besser Ekipp. Iwwerdeems Bayern no wäite Bäll an d’Spëtzt ëmmer nees geféierlech war, huet Tottenham duerch de Pressing vill Feeler erzwongen a koumen esou zu Chancen an an der 12. Minutt esouguer zu engem Gol. No Ballverloscht konnt do de Son nämlech markéieren.
D’Freed war awer just vu kuerzer Dauer, well Bayern huet séier reagéiert. No engem weidere wäite Ball no vir koum de Ball bei de Kimmich, dee sech mat engem Crochet Plaz gemaach huet an da mat engem wonnerschéine Schoss ausgläiche konnt.
Nom Gol huet Tottenham dunn awer eng Zäit laang d’Kontroll iwwerholl a si haten och gutt Chancen, dat duerch den Ndombele an de Son, ma Goler sollte si awer keng schéissen.
Aneschters awer Bayern, do war et an der 45. Minutt nämlech de Lewandowski, deen ee weidere beandrockende Gol schéisse konnt.
Nom Säitewiessel huet Bayern dunn opgedréint a fir eng Virentscheedung an dëser Partie gesuergt, well an der 53. an an der 55. huet de Serge Gnabry mat engem Doppelpack fir eng komfortabel 4:1-Féierung gesuergt.
No enger Stonn dunn awer nach eemol Hoffnung, well no engem Foul vum Coman um Rose gouf et Eelefmeter fir d’Englänner an dësen huet den Harry Kane erageschoss, esou dass et 2:4 stoung.
No dësem Gol koum nees fir eng Zäitchen e bësse Schwong an d’Spill vun den Englänner, ma si hunn hir Chancen net genotzt. Wat de Match méi laang gedauert huet, wat en ëmmer manner attraktiv ginn ass, eng logesch Konsequenz no där ganz staarker éischter Hallschent vu béiden Ekippen.
No engem wäite Ball vum Thiago an der 83. Minutt huet de Gnabry esouguer nach eng drëtte Kéier getraff an huet domat och gläichzäiteg fir de 5:2 gesuergt.
Bayern hat es awer nach ëmmer net genuch an an der 87. Minutt hu si nach eemol zougeschloen. De Coutinho spillt op de Lewandowski a schonns stoung et 6:2.
Wie geduecht hätt, dat war et, dee louch falsch, well de Gnabry ass guer net méi aus dem Feieren erauskomm. An der 88. Minutt schéisst hien de 7:2 an domat säi 4. perséinleche Gol.
Atalanta Bergamo - Shakhtar Donezk 1:2
D’Italiener hunn och en Dënschdeg hir éischt Victoire an der Champions League verpasst an dobäi hat et eng Zäit laang net esou schlecht ausgesinn. An der 16. Minutt krute si nämlech een Eelefmeter zougesprach, allerdéngs huet den Ilicic dëse verschoss. Nawell konnte si an der 28. Minutt a Féierung goen an dat duerch den Zapata. Donezk huet awer nach virun der Paus eng Reaktioun gewisen a konnt an der 41. Minutt duerch de Moraes ausgläichen. An der zweeter Hallschent ass ganz laang näischt geschitt, ma an der 95. Minutt war et dunn de Solomon, deen d’Partie entscheet huet, esou dass d’Ekipp aus der Ukrain um Enn mat 2:1 gewënnt.
Manchester City - Dinamo Zagreb 2:0
Manchester City huet déi éischt Hallschent komplett dominéiert, ma den Englänner ass et net gelongen, ee Gol ze schéissen an dat obwuel si e puer ganz gutt Chancen haten. Esou huet zum Beispill de Gündogan nëmmen d’Lat getraff an och den Agüero konnt direkt e puer Chancen net verwäerten. Zagreb konnt sech kaum vum Drock vu City befreien an esou hate si an der 1. Hallschent keng richteg Golchance.
An der 66. Minutt dunn awer d’Erléisung fir den englesche Champion. No enger gudder Kombinatioun stoung de Sterling am Strofraum genau richteg fir d’Pass vum Mahrez an de Gol ze drécken.
De Foden huet an der 95. Minutt nach den 2:0 geschoss, esou dass City um Enn mat 2:0 gewënnt.
Juventus Turin - Bayer Leverkusen 3:0
Mat Bayer Leverkusen war en Dënschdeg dann nach en zweete Bundesligist am Asaz an déi hu missen op Turin bei den italienesche Champion reesen an no knapp 17 Minutte louche si du schonns hannen. No engem Feeler vum Tah huet den Higuain aus ronn 16 Meter den 1:0 markéiert. Mat deem Stand sinn dann och d’Säite gewiesselt ginn.
An der zweeter Hallschent war Juve weider déi besser Ekipp an an der 62. Minutt konnte si dunn och nach en zweete Gol schéissen, dat duerch de Bernardeschi.
Eng Minutt viru Schluss huet de Ronaldo op Virlag vum Dybala dunn och nach den 3:0 geschoss. Schlussendlech war et eng verdéngten 3:0-Victoire fir d’Italiener.
Lokomotiv Moskau - Atlético Madrid 0:2
Och zu Moskau sinn an der éischter Hallschent keng Goler gefall, dat obwuel Atlético de Match kloer dominéiert huet. Costa a Morata hunn et awer verpasst, hir Ekipp a Féierung ze bréngen. Lokomotiv Moskau stoung defensiv nawell net all ze schlecht an huet et ëmmer nees iwwer Konterattacke probéiert.
Kuerz no der Paus konnt Atlético sech dunn awer fir déi staark éischt Hallschent belounen, an der 48. Minutt war et nämlech de jonke Joao Felix, deen d’Spuenier a Féierung brénge konnt.
10 Minutte méi spéit hu si dunn och nach eng zweete Kéier zougeschloen. De Costa hat de Ball hei opgeluecht fir den Thomas, deen den 2:0 markéiere konnt. Dat sollt dann och d’Schlussresultat sinn.