Auslousung Champions LeagueBayern géint de PSG, Benfica mam Barreiro géint Real, Chelsea a Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war d'Auslousung vun der Ligaphas an der Futtball-Champions-League.
© FRANCK FIFE / POOL / AFP

Zanter der Saison 2024/2025 gëtt d’Champions League an engem neie Modus gespillt. En Donneschdeg den Owend huet d’Uefa am Grimaldi Forum zu Monaco fir d’zweete Kéier d’Matcher vun der Ligaphas ausgeloust. De geneeë Spillplang gëtt e Samschdeg publizéiert.

Mam Leandro Barreiro ass ee Lëtzebuerger an der Champions League dobäi. Hien trëfft mat Benfica Lissabon op Real Madrid, Chelsea London, Bayer Leverkusen, Juventus Turin, SSC Neapel, Ajax Amsterdam, Qarabag an Newcastle United.

Bayern München kritt et ënner anerem mam Titelverdeedeger PSG ze dinn a muss géint de Club-WM-Gewënner Chelsea untrieden. Donieft spillt den däitsche Meeschter nach géint Club Bruges, Arsenal London, Sporting Lissabon, PSV Eindhoven, Union Saint-Gilloise a Pafos FC.

Borussia Dortmund trëfft op Inter Mailand, Manchester City, Villarreal, Juventus Turin, Bode/Glimt, Tottenham, Bilbao a Kopenhagen.

Den Titelverdeeger PSG muss an der Ligaphas géint Bayern München, Barcelona, Atalanta Bergamo, Leverkusen, Tottenham, Sporting, Newcastle a Bilbao untrieden.

De portugisesche Champion Sporting Lissabon muss géint de PSG, Bayern München, Bruges, Juventus Turin, Marseille, Neapel, Almaty a Bilbao untrieden.

Fir Real Madrid geet et géint Manchester City, Liverpool, Juventus Turin, Benfica Lissabon, Olympique Marseille, Olympiakos Piräus, Monaco an Almaty.

Barcelona krut dës Géigner zougeloust: PSG, Chelsea, Frankfurt, Bruges, Olympiacos, Slavia Prag, Kopenhagen an Newcastle.

Den englesche Champion Liverpool trëfft op Real Madrid, Inter Mailand, Atlético Madrid, Frankfurt, PSV Eindhoven, Marseille, Qarabag a Galatasaray.

Iwwerdeems trëfft Arsenal op Bayern München, Inter Mailand, Atlético Madrid, Bruges, Olympiacos, Slavia Prag, Almaty a Bilbao.

Den Iwwerbléck vun all de Partië fannt Dir um Site vun der Uefa.

Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d’Champions League live suivéieren.

Wéini ginn d’Matcher an der Ligaphas gespillt?

1. Spilldag: 16.-18. September 2025
2. Spilldag: 30. September-1. Oktober 2025
3. Spilldag: 21./22. Oktober 2025
4. Spilldag: 4./5. November 2025
5. Spilldag: 25./26. November 2025
6. Spilldag: 9./10. Dezember 2025
7. Spilldag: 20./21. Januar 2026
8. Spilldag: 28. Januar 2026

Wéini ass d’K.o.-Phas an der Champions League?

Playoffs vun der K.o.-Phas: 17./18. & 24./25. Februar 2026
Aachtelsfinall: 10./11. & 17./18. Mäerz 2026
Véierelsfinall: 7./8. & 14./15. Abrëll 2026
Halleffinall: 28./29. Abrëll & 5./6. Mee 2026
Finall: 30. Mee 2026 (Budapest) Déi wäert neierdéngs schonn um 18 Auer ugepaff ginn.

Wéi gesäit de Spillmodus vun der Champions League aus?

D’Gruppephas gehéiert zanter der leschter Saison der Vergaangenheet un. An Zukunft gëtt a Form vun engem Ligasystem gespillt. All Veräin spillt véier Heem- a véier Auswäertsmatcher géint aacht verschidde Géigner - aus all Lousdëppen zwee.

Déi 36 Veräiner ginn an enger Tabell gefouert. Nodeems jidderee seng aacht Matcher gespillt huet, qualifizéiere sech d’Veräiner op de Plazen eent bis aacht direkt fir d’Aachtelsfinallen. D’Ekippen op de Plazen néng bis 24 spillen eng Playoff-Ronn, wärend d’Ekippen op de Plaze 24 bis 36 eliminéiert sinn.

Et réckelt keng Ekipp méi no an d’Europa League, respektiv d’Conference League.

D’K.o.-Phas fänkt net méi mat den Aachtelsfinallen un, ma mat enger Playoff-Ronn vun den Ekippen op de Plazen néng bis 24. Dobäi sinn d’Plazen néng bis 16 gesat, dat heescht, dës Teams spille géint d’Ekippen op de Plaze 17 bis 24. D’Playoff-Dueller ginn ausgeloust.

D’Gewënner vun de Playoff-Dueller treffen dann an den Aachtelsfinallen op déi scho qualifizéiert Ekippen. Och déi Matcher ginn ausgeloust, a bei der Auslousung vun den Aachtelsfinalle gëtt och de Rescht vum Tournoi bestëmmt.

All d’K.o.-Dueller ginn am gewinnte Modus mat Allers- a Retourmatcher gespillt.

Back to Top
CIM LOGO