BundesligaBayern iwwerrennt Schalke mat 5:0, Leipzig verléiert

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems wënnt de Laurent Jans mam SC Paderborn zu Freiburg a Gladbach dréint de Match géint Mainz.

19. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Bayern - Schalke 5:0
1:0 Lewandowski (6'), 2:0 Müller (45+2'), 3:0 Goretzka (50'), 4:0 Thiago (58'), 5:0 Gnabry (89')

Duerch e Feeler vum Golkipp huet et net laang gedauert, bis den däitsche Rekordmeeschter a Féierung gaangen ass. No 6 Minutte war et de Lewandowski, deen d’Bayern mat 1:0 a Féierung brénge konnt. D’Lokalekipp war déi kloer besser Ekipp, eenzeg duerch e Schoss op d’Laat ass Schalke eng kéier geféierlech ginn. Kuerz virun der Paus war et dann de Müller, deen op de verdéngten 2:0 erhéicht huet. No der Paus huet sech um Bild vum Match net vill geännert. Bayern war weiderhin déi dominant Ekipp a sou war et an der 50. Minutt den Ex-Schalker Goretzka, deen den 3:0 markéiert huet. Nach war et net fäerdeg, wéi den Thiago 8 Minutte méi spéit de 4. Gol fir d’Haushäre markéiere konnt. Zum Schluss iwwerrennt den FC Bayern Schalke däitlech mat 5:0 a verkierzt de Réckstand op d’Tabellespëtzt duerch d’Defaite vun RB Leipzig e Samschdeg de Mëtteg op ee Punkt.

Gladbach - Mainz 3:1
0:1 Quaison (12'), 1:1 Plea (24'), 2:1 Plea (76'), 3:1 Neuhaus (88')

Nodeems Gladbach mat enger Defaite an d’Réckronn gestart war, wollt een haut géint de Gaascht aus Mainz eng Äntwert weisen. Dee Plang sollt sech awer méi schwéier gestalte wéi erwaart, nodeems de Quaison d’Gäscht schonn no 12 Minutten mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Am weidere Spillverlaf ass Gladbach awer ëmmer besser an de Match komm a sou war et de Plea, dee mat sengem Gol fir d’Lokalekipp ausgläiche konnt. En ausgeglachene Match mat Chancen op béide Säiten ass et och nom Säitewiessel ginn. An der 76. Minutt war et dann awer nees de Plea, deen d’Lokalekipp mam wichtegen 2:1 a Féierung brénge konnt. Mainz huet et zwar nach probéiert den Ausgläich ze fannen, mam Gol vum Neuhaus zum 3:1 an der 88. Minutt war de Match dann awer entscheet.

Bei de Mainzer ass de Leandro Barreiro an der 67. Minutt agewiesselt ginn.

Wolfsburg - Hertha 1:2
1:0 Mehmedi (68'), 1:1 Torunarigha (74'), 1:2 Lukebakio (90')

Frankfurt - Leipzig 2:0
1:0 Toure (48'), 2:0 Kostic (94')

Den Tabelleleader aus Leipzig huet vun Ufank un Drock gemaach, huet et awer net gepackt a Féierung ze goen. D’Frankfurter krute sech no enger Zäit e bësse befreit, ma eng richteg gutt Golchance ass et an der éischter Hallschent fir d’Haushären net ginn. Kuerz no der Paus sollt dat dann awer besser geléngen. Den Toure konnt mat engem stramme Schoss aus 19 Meter den 1:0 fir Frankfurt markéieren. Bis zum Schluss vum Match ass de Gaascht weiderhin net duerch d’Frankfurter Defense komm. Op der anerer Säit war et dann an der 94. Minutt de Kostic, dee mat der leschter Aktioun vum Match op 2:0 erhéicht huet an domat déi dräi Punkte fir Frankfurt geséchert huet.

Freiburg - Paderborn 0:2
0:1 Antwi-Adjei (48'), 0:2 Sabiri (85')

De Laurent Jans ass am Match zu Freiburg op der rietser Säit zum Asaz komm an huet hannen mat senger Ekipp eng gutt Leeschtung gewisen. Béid Ekippen hunn net all ze vill zougelooss, sou dass et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. Kuerz nom Säitewiessel war et dann de Gaascht, deen duerch e Gol vum Antwi-Adjei a Féierung goe konnt. No enger gudder Stonn ass sech de Collins vu Paderborn da seng zweet Giel Kaart siche gaangen. Domat waren d’Gäscht fir déi lescht 30 Minutten an Ënnerzuel. Freiburg konnt dee Virdeel awer net notzen a sou huet de Sabiri mat sengem Gol zum 2:0 an der 85. Minutt alles kloer gemaach. De Laurent Jans kann zum Schluss also mam SC Paderborn 3 Punkte mat Heem huelen.

Union Berlin - Augsburg 2:0
1:0 Subotic (47'), 2:0 Ingvartsen (62')

E Freideg konnt sech Borussia Dortmund kloer géint den 1.FC Köln duerchsetzen

Back to Top
CIM LOGO