BundesligaBayern konnt d'Meeschterschaft nach net entscheeden

RTL Lëtzebuerg
Hannover wënnt zwar mat 3:0 géint Freiburg mee ass trotz allem zesumme mat Nürnberg ofgestigen. Stuttgart geet an d'Relegatioun.
© AFP

Um Samschdeg stoung den 33. an domadder 2. leschte Spilldag vun der Bundesliga um Programm op deem schonn eng Entscheedung ëm d’Meeschterschaft konnt falen. Och an de Plazen ëm d’Champions League an Europa League war Spannung ugesot.

Am Match vu Bayern München géint RB Leipzig stoung et an der Paus nach 0:0 a gläichzäiteg louch Dortmund géint Düsseldorf scho mat 1:0 duerch de Pulisic a Féierung a war an der virtueller Tabell soumat just nach 2 Punkten hannert München. No der Paus gouf et dann awer e puer dramatesch Situatiounen. Bei Dortmund huet den Hitz e Ball fir den 1:1 ënnert dem Kierper duerchrutsche gelooss, konnten nees den 2:1 duerch den Delaney schéissen an Düsseldorf huet nach en Eelefmeter laanscht de Gol geschoss. An d’Bayern kruten e Gol fir den 1:0 no Videobeweis oferkannt. Schlussendlech spillt Bayern München dann och just 0:0 an Dortmund wënnt knapps mat 3:2 géint Düsseldorf.

An der Lutte ëm déi international Plazen huet Leverkusen Drock op déi aner Ekippen, zemools op Frankfurt, gemaach wéi se an der an der 31. Minutt duerch de 16. Gol an dëser Saison vum Havertz a Féierung gaange sinn. Hoffenheim louch dogéint mat 0:1 géint Bremen an der Halschent am Réckstand. No der Paus huet Schalke awer op 1:1 duerch de Burgstaller ausgeglach an de Hradecky konnt puer Minutten drop en Eelefmeter vum Caligiuri paréieren. Leverkusen a Schalke trënne sech schlussëndlech 1:1 a Bremen wënnt mat 1:0 géint Hoffenheim.

Am Tabellekeller konnt sech Hannover zwar mat engem iwwerraschenden 3:0 géint Freiburg gewonnen mee och Stuttgart konnt sech mat 3:0 géint Wolfsburg duerchsetzen a sech domadder d’Relegatiounsplaz sécheren. Hannover dogéint ass ofgestigen.

Ausserdeem wënnt Gladbach mat 4:0 géint Nürnberg a steet elo op der 4. Plaz. Hertha BSC wënnt a leschter Minutt mat 4:3 géint Augsburg.

Back to Top
CIM LOGO