BundesligaBayern léisst Punkten zu Augsburg hänken, BVB klappt Gladbach

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 8. Spilldag huet nach Leipzig géint Wolfsburg gläich gespillt an Düsseldorf huet Mainz geklappt.
© AFP

8 Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Borussia Dortmund - Borussia Mönchengladbach 1:0
1:0 Reus (58')

Virum Match huet de Lucien Favre, Trainer vum BVB, den Jadon Sancho fir de Match géint Borussia Mönchengladbach suspendéiert. Den däitsche Medien no soll de Sancho ze spéit vun der Nationalekipp zu Dortmund ukomm sinn. Ma och ouni de jonken Englänner konnt sech de BVB no 3 Remisen um Stéck mat 1:0 duerchsetzen.

Et war eng ganz ausgeglache Partie an deem sech béid Ekippen net vill geschenkt hunn. Embolo a Lainer hunn op Gladbacher Säit gutt Chancë gehat, mee de Ball sollt de Wee an de Gol net fannen. Beim BVB war dat anescht. An der 58. Minutt huet de Reus de Ball an de Filet gesat. An de Schlussminutten hunn d’Fohlen dunn alles no fir geworf, ma den Hitz, dee fir de blesséierte Bürki an der 71. Minutt era komm ass, huet mat enger super Parad an der Nospillzäit de Gol propper gehalen. Borussia Dortmund mëllt sech mat dëser Victoire an der Course ëm den Titel zeréck.

RB Leipzig - VFL Wolfsburg 1:1
1:0 Werner (13') 1:1 Weghorst (82')

D’Lokalekipp huet gutt ugefaangen, hat méi vum Spill, a konnt sech och vereenzelt Chancen erausspillen. Alles an allem hunn et awer déi Wolfsburger verstanen, hir Defensivspill gutt ze organiséieren an de Sachsen net ze vill Raim ze ginn, sou dass RB hiert geféierlecht séiert Spill net opzéie konnt. De VFL huet sech awer net nëmmen op d’Defense konzentréiert. Sou hate si duerch de Joa Victor 2 gutt Chancen. E Gol ass an der 1. Halbzeit awer net gefall.

Nom Téi huet RB Leipzig dunn zougeschloen. De Timo Werner setzt sech mat sengem Tempo géint de Mbabu duerch, spillt de Golkipp aus, a setzt de Ball an de Filet. 1:0 Leipzig. Nom Réckstand huet Wolfsburg méi fir d’Spill gemaach, a konnt sech och déi eng oder aner Kéier geféierlech Chancen erausspillen. An der 82. Minutt huet et du gerabbelt. De Weghorst huet de verdéngten 1:1 markéiert, wat d’Schlussresultat sollt sinn.

FC Augsburg - Bayern München 2:2
1:0 Richter (1'), 1:1 Lewandowski (14'), 1:2 Gnabry (49') 2:2 Cordova (90'+1)

De grousse Favorit Bayern München gouf an der 1 Minutt kal erwëscht. Direkt an der 1. Minutt huet de Richter den 1:0 fir d’Lokalekipp markéiert. Dono sinn d’Münchener bësse geschwommen, Augsburg huet duerch de freie Gol Vertrauen getankt. Zu allem Iwwerfloss huet dunn och nach de Süle an der 12. Minutt missen ausgewiesselt ginn. Nëmmen 2 Minutte méi spéit konnt de Gnabry ongehënnert flanken, an de Lewandowski konnt säin 12. Gol an der Saison markéiert. Bayern war dono besser am Match, Augsburg huet gutt dergéint gehalen, sou dass et mat engem 1:1 an d’Paus gaangen ass.

Bayern huet an der 2. Halbzeit verpasst, den Deckel zou ze maachen. A sou misst et kommen, wéi et komme misst. Engagéiert Augsburger hunn duerch de Cordova an der 1 Minutt vun der Nospillzäit den 2:2-Ausgläich markéiert. Bayern léisst domadder Punkten zu Augsburg hänken.

Werder Bremen - Hertha BSC Berlin 1:1
1:0 Sargent (7'), 1:1 Lukebakio (70')
An der 7. Minutt huet et am Gol vun deene Berliner gerabbelt. De Sargent huet nom Zouspill vum Eggesetin op de Gol geschoss, ma de Ball gouf onhaltbar vum Boyata ofgefälscht. 1:0 Bremen. Berlin huet vill versicht, ma eng richteg gutt Chance konnt sech Hertha net erausspillen. Mat enger verdéngter Féierung fir Bremen ass et mat 1:0 an d’Paus gaangen.

An der 70. Minutt ass dunn den Ausgläich gefall. De Lukebakio setzt sech géint 3 Bremer duerch, schéisst an de rietsen ënneschten Eck. Keng Chance fir de Pavlenka am Gol vu de Bremer. Mam 1:1 sollt de Match op en Enn goen.

Fortuna Düsseldorf - FSV Mainz 1:0
Fernandez (Mainz): Giel-Rout Kaart (45'+1), 1:0 Hennings (82')

De lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro souz 90 Minutten op der Bänk.

Union Berlin - SC Freiburg 2:0

1:0 Bülter (1'), 2:0 Ingvartsen (84')

Back to Top
CIM LOGO