Champions LeagueBayern München klappt Lyon mat 3:0 a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
An der Finall vun der Champions League, déi live op RTL ZWEE gewise gëtt, kritt Bayern München et e Sonndeg den Owend mat Paris St. Germain ze dinn.
© AFP

E Mëttwoch den Owend stoung an der Champions League déi zweet Halleffinall um Programm. Géigeniwwer stounge sech Lyon a Bayern München.

No engem wackelegen Ufank mat e puer geféierleche Chancë vu Lyon ass den däitsche Rekordchampion an der 18. Minutt duerch e Gol vum Gnabry mat 1:0 a Féierung gaangen. No an no huet Bayern München duerno d’Kontroll am Match iwwerholl an huet duerch e weidere Gol vum däitschen Nationalspiller an der 33. Minutt op 2:0 gesat. Bis d’Paus gouf et nach weider gutt Chancen, ma mat engem verdéngten 2:0 fir d’Ekipp vum Flick ass et an d’Paus gaangen. An den zweete 45 Minutten huet Bayern Lyon net méi zeréck an de Match komme gelooss an de Lewandowski huet mam 3:0 an der 88. Minutt fir d’Schlussresultat gesuergt.

Bayern - Lyon Resumé / Rep. Guy Seyler

Duerch dës Victoire géint Lyon steet den FCB no 2013 nees an der Finall vun der Champions League.

An der Finall kritt Bayern München et mat Paris St. Germain ze dinn. D’Partie tëscht dem däitschen an dem franséische Champion kënnt Dir e Sonndeg den Owend vun 20.45 Auer u live op RTL ZWEE op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

De Resumé vum Match: Lyon - Bayern München 0:3

0:1 Gnabry (18') 0:2 Gnabry (33') 0:3 Lewandowski (88')

An der zweeter Halleffinall vun der Champions League stounge sech e Mëttwoch den Owend Lyon a Bayern München géigeniwwer. Déi Münchner sinn als klore Favorit an dës Partie gaangen an den Trainer Hansi Flick huet no der impressionanter 8:2-Victoire géint Barcelona an der Véierelsfinall näischt u senger Opstellung geännert.

No den Eliminatioune vu Juventus Turin an Manchester City huet Bayern München viru Lyon awer dierfte gewarnt sinn. Mat vill Selbstvertrauen ass d’Ekipp aus der Ligue 1 dann och an d’Partie gaangen. Direkt an der 4. Minutt hat si déi éischt ganz geféierlech Chance. No engem Feelpass vum Thiago am Mëttelfeld huet Lyon séier ëmgeschalt an de Caqueret huet e Pass no vir op den Depay gemaach. Dësen ass eleng a Richtung Neuer gelaf, ma um Enn ass säi Schoss knapp laascht de Gol gaangen.

An der 11. Minutt hat den FCB eng éischt gutt Chance, ma de Schoss vum Goretzka konnt de Kipper Lopes nach esou just de Ball virun der Linn an de Corner degagéieren.

An der 17. Minutt gouf et dunn nees ganz geféierlech virum Gol vun de Bayern. No engem Feeler vum Davies war et den Ekambi, dee sech am Strofraum géint de Kanadier duerchgesat huet, ma säi Schoss aus 5 Meter ass um Aluminium hänke bliwwen. Gléck fir d’Ekipp vum Flick, mä déi hu sech net laang mat der Chance vu Lyon opgehalen, well direkt am Géigenzuch ass den 1:0 gefall. No engem Pass vum Kimmich war de Gnabry vum rietse Fligel an den Zentrum gezunn, hie gouf do net richteg vun der Defense vu Lyon gestéiert a konnt an der 18. Minutt aus 16 Meter den 1:0 fir Bayern München markéieren.

Den 1:0 vum Gnabry an der 18. Minutt
No Viraarbecht huet den däitschen Nationalspiller aus 16 Meter de Ball am Filet ënnerbruecht.

No engem wackelegen Ufank huet den däitsche Rekordchampion lues awer sécher d’Kontroll an der Partie géint Lyon iwwerholl. An der 33. Minutt ass dunn och de verdéngten 2:0 gefall. Nodeems de Kipper Lopes e Schoss vum Lewandowski aus kuerzer Distanz nach paréiere konnt, war et de Gnabry, deen am Strofraum un de Ball komm ass. Hien huet dem Lopes du keng Chance méi gelooss an d’Féierung ausgebaut.

Den 2:0 vum Gnabry an der 33. Minutt
De Kipper vu Lyon konnt nach de Schoss vum Lewandowski paréieren, ma géint de Gnabry hat en du keng Chance méi.

Nëmme 5 Minutten no sengem zweete Gol war et nees de Gnabry mat engem geféierleche Schoss, ma dës Kéier ass dat ronnt Lieder knapp iwwert de Gol gaangen. Den FCB huet ëmmer méi d’Spill an d’Hand geholl. Si hunn den Drock erhéicht, doduerch si bei Lyon d’Lächer an der Defense ëmmer méi grouss ginn a praktesch all Ugrëff vun de Bayern war geféierlech. An der éischter Hallschent sollt awer kee Gol méi falen. Mam 2:0 fir Lewandowski a Co ass et an d’Kabinne gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der éischter Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial

No der Paus hat Bayern München d’Partie weider am Grëff. Bei Lyon huet een awer gesinn, datt si nach net opginn hunn. Si hu weider de Wee no vir gesicht a sinn och e puer Mol geféierlech virun de Gol vum Neuer komm, dat och well d’Defense vu Bayern net ëmmer ganz gutt sortéiert war. Der Ekipp aus Frankräich huet awer déi néideg Prezisioun gefeelt. D’Ekipp vum Flick huet bis zum Schluss kee Gol méi zougelooss an an der 88. Minutt huet de Lewandowski mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt.

Den 3:0 vum Lewandowski an der 3:0
De Stiermer huet mat sengem Gol fir d’Schlussresultat gesuergt.

Domadder wënnt Bayern verdéngt mat 3:0 géint Lyon a steet an der Finall vun der Champions League.

Déi bescht Zeenen aus der zweeter Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial

E Sonndeg den Owend kréie si et do mat Paris St. Germain ze dinn. d’Partie gëtt vun 20.45 Auer u live op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO