
6 Matcher goufen um Samschdeg um 7. Spilldag an der Bundesliga gespillt. Bayern München klappt Dortmund an engem richteg gudde Match mat 3:2, Leipzig hat keng Problemer a wënnt mat 3:0 géint Freiburg, Stuttgart gëtt eng 2:0-Féierung géint Frankfurt aus der Hand a spillen 2:2, Mainz a Schalke trenne sech am Krisenduell mat 2:2, Hertha Berlin wënnt zu Augsburg mat 3:0 an Union Berlin wënnt ganz däitlech mat 5:0 géint Bielefeld.
Borussia Dortmund - Bayern München 2:3
1:0 Reus (45.’), 1:1 Alaba (45.+4.’), 2:1 Lewandowski (48.’), 1:3 Sané (80.’), 2:3 Haaland (83.’)
An der Ufanksphase hat Bayern München liicht méi de Ball mee och Dortmund ass ëmmer erem geféierlech gewiescht, zemools bei schnelle Géigestéiss. An der 21. Minutt hätt den Haaland missen den 1:0 schéissen nodeems en no enger Pass vum Reyna eleng virum Neuer stoung mee en huet de Ball laanscht de laange Potto geschoss. Allerdéngs hätt de Gol wahrscheinlech och net gezielt opgrond vun enger knapper Abseitspositioun vum Haaland. Nëmmen 3 Minutten dono huet de Lewandowski den 1:0 no Virarbescht vum Gnabry geschoss mee de Gol gouf oferkannt wëll de Pol ganz knapps am Abseits stoung. Kuerz virun der Paus dann awer den 1:0 fir Dortmund. No Virlag vum Guerreiro huet de Reus dem Neuer keng Chance gelooss. Mee an der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet den Alaba e Fräistouss an de Gol geschoss an op 1:1 gestallt.
2 Minutten no der Paus hat den Haaland nees déi grouss Chance op den 2:1 mee nëmmen 1 Minutt méi spéit huet den Hernandez vu lénks an d’Mëtt geflankt an do huet de Lewandowski dem Bürki mat sengem Kappball keng Chance gelooss. D’Bayern haten elo Opwand an an der 50. Minutt huet de Gnabry just de Potto getraff. Dono hat och Dortmund nach gutt Chancen mee an der 80. Minutt huet de BVB am Stuerm de Ball verluer an München huet gekontert. Em Enn war et den agwiesselten Sané deen de Ball äiskal am laangen Eck ënnerbruecht huet. Just 3 Minutte méi spéit dann awer nees den Uschloss fir Dortmund. De Guerreiro huet eng exzellent Pass an d’Spëtzt op den Haaland gespillt, dësen ass laanscht de Neuer gelaf an huet de Ball an de Gol geschoss. Et sollt dann awer beim 3:2 bleiwen a Bayern München hëlt 3 Punkten mat heem.
RB Leipzig - SC Freiburg 3:0
1:0 Konaté (26.’), 2:0 Sabitzer (70.’, Eelefmeter), 3:0 Angelino (89.’)
An den éischte 45 Minutten war Leipzig déi besser an louch verdéngt mat 1:0 a Féierung duerch e Gol vum Konaté no engem Fräistouss. Freiburg huet sech gutt verkaf mee waren net geféierlech genuch virum Gol. No der Paus war Leipzig weiderhin déi besser Ekipp a konnt an der 70. Minutt duerch en Eelefmeter op 2:0 stellen. Mat engem schéine Fräistouss huet den Angelino dann an der 89. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt.
FSV Mainz 05 - Schalke 04 2:2
1:0 Brosinski (6.’, Eelefmeter), 1:1 Uth (36.’), 2:1 Mateta (45.+2.’, Eelefmeter), 2:2 St. Juste (82.’, Eegegol)
De Match tëscht Mainz a Schalke war e Match vun 2 Ekippen déi déif an der Kriis stiechen. Mainz hat bis virum Match 0 Punkten um Konto a Schalke just 1. No der éischter Hallschent louch Mainz duerch 2 Eelefmeter vum Brosinski a Mateta mat 2:1 a Féierung. Den Uth konnt zweschenzäitlech mat engem schéine Fräistouss op 1:1 stellen. Laang louch Mainz dann och nach an der 2. Hallschent a Féierung an hat gutt Chancen op den 3:1 mee an der 82. Minutt war et en Eegegol vum St. Juste deen fir den 2:2 fir Schalke gesuergt huet. Mat dësem Resultat ka keng vun de béiden Ekippen zefridde sinn well 1 Punkt hëlleft kengem sou richteg weider. De Leandro Barreiro stoung an der Startopstellung a gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt.
VFB Stuttgart - Eintracht Frankfurt 2:2
1:0 Gonzalez (17.’, Eelefmeter), 2:0 Castro (37.’), 2:1 Silva (61.’), 2:2 Abraham (75.’)
No enger ausgeglachener Ufanksphase, huet sech Stuttgart dono méi waakreg gewisen a konnten duerch en Eelefmeter vum Gonzalez an duerch e Gol vum Castro mat 2:0 a Féierung goen. An den zweete 45 Minutten huet Frankfurt e Gang eropgeschalt a war wesentlech besser am Match wéi an der éischter Hallschent. Duerch Goler vum Silva an der 61. Minutt an dem Abraham an der 75. Minutt konnten se de Réckstand ophuelen a sécheren sech 1 Punkt no engem 0:2-Réckstand.
FC Augsburg - HerthaBerlin 0:3
0:1 Matheus Cunha (44.’, Eelefmeter), 0:2 Lukebakio (52.’), 0:3 Piatek (86.’)
Union Berlin - Arminia Bielefeld 5:0
1:0 Endo (3.’), 2:0 Andrich (13.’), 3:0 Becker (45.+2.’), 4:0 Kruse (52.’, Eelefmeter), 5:0 Teuchert (89.’)