
Den Titelverdeedeger vu München ass dobaussen an dat trotz enger Victoire. Den 1:0-Erfolleg en Dënschdeg den Owend ass awer net duergaangen, fir d’Néierlag aus dem Allersmatch ze kompenséieren. Domat hëlt Paräis Revanche fir d’Finall aus dem leschte Joer.
An der zweeter Véierelsfinall ass den FC Chelsea en Tour weider. En herrleche Gol vum Taremi ass fir den FC Porto net duergaangen.
0:1 Choupo-Moting (40')
Den FC Bayern München war en Dënschdeg den Owend gefuerdert, dat nodeems een am Allersmatch eng 2:3-Néierlag huet missen astiechen. An der Ufanksphas vun der Partie war et awer d’Ekipp vu Paräis, déi besser erakomm ass an déi déi éischt Aktiounen no vir hat.
Dono huet Bayern awer ëmmer méi d’Kontroll vum Spill iwwerholl an d’Jonge vum Trainer Hansi Flick hu probéiert, Lächer an der Defense vu Paräis ze fannen. Eng richteg Golchance huet awer laang op sech waarde gelooss, déi gouf et eréischt no iwwer 25 Minutten, och wann déi éischt zwee Bayern-Schëss net cadréiert waren.
Déi besser Chancen hat weiderhin de PSG, ma och dat nach ouni Golerfolleg. An déi Paräisser hu gemierkt, datt si déi besser Chancen haten an hu sech elo och ëmmer méi getraut an haten duerch den Neymar eng weider gutt Chance. 2 Mol huet den Aluminium misse rette fir Bayern.
An an der 40. Minutt gouf et dunn nawell déi kal Dusch fir d’Haushären. Do konnt de fréiere PSG-Spiller Choupo-Moting nämlech aus dem Näischt eraus den 1:0 fir Bayern markéieren. Mat deem Resultat goung et och an d’Paus.
Nom Säitewiessel huet Bayern dunn och nees direkt probéiert, Drock ze maachen an esou koume si och fréi zu enger Chance, och wann de Schoss vum Alaba net cadréiert war.
Mee och déi Paräisser ware weiderhi ganz geféierlech. Ëmmer nees hunn Neymar, Di Maria an Mbappé fir vill Gefor am a ronderëm de Bayern-Strofraum gesuergt.
Dono ass a Saache Chancen net vill Spektakuläres geschitt, ma op béide Säite gouf et onheemlech vill Zweekämpf, esou datt d’Attraktivitéit vum Match e bëssen nogelooss huet.
Bayern huet zum Schluss nach eemol alles no vir geheit, ma e Gol sollt dem Gewënner vum leschte Joer net méi geléngen, esou datt Paräis an der Halleffinall steet.
0:1 Taremi (90+3')
Nom 2:0 am Allersmatch hat Chelsea en Dënschdeg den Owend de Virdeel op senger Säit. An der éischter Hallschent si keng Goler gefall. Béid Ekippen haten déi eng oder aner Chance, ma Chelsea hat de Match awer gréisstendeels am Grëff.
An der zweeter Hallschent hat Porto wuel méi Ballbesëtz, ma richteg gutt Golchancen hate si net. An der 93. Minutt huet den Taremi du mat engem herrleche Schoss nach den 1:0 markéiert, ma dat sollt net méi duergoen, esou datt Chelsea en Tour weider ass.