
E Samschdeg stoung an der däitscher Bundesliga de leschte Spilldag virun der WM-Paus um Programm. E Freideg konnt sech fir den Optakt Gladbach scho mat 4:2 géint Dortmund behaapten.
Am Match vum Samschdegowend tëscht dem Schlussliicht an dem Tabelleleader gouf et eng 2:0-Victoire fir den FC Bayern op Schalke. D’Bayern hate vun Ufank un d’Kontroll iwwert de Match, och wann d’Haushäre sech engagéiert gewisen a laang gutt dergéintgehalen hunn. Kuerz virun der Paus war et dann de Gnabry, deen d’Gäscht no enger Virlag vum Musiala a Féierung bruecht huet. Kuerz no der Paus hunn d’Bayern dann duerch de Gol vum Choupo-Moting op 2:0 erhéicht an domat fir eng fréizäiteg Decisioun gesuecht. Bis zum Schluss hu si dat néidegst gemaach, fir d’Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen a wannen um Enn verdéngt.
RB Leipzig steet no enger 2:1-Victoire zu Bremen op d’mannst fir eng Nuecht op der zweeter Tabelleplaz. No 13 Minutte louch de Ball am Weserstadion eng éischte Kéier am Gol, wéi de Silva dem Golkipp no enger Virlag vum Forsberg keng Chance gelooss huet. Leipzig war déi besser Ekipp an ass mat enger verdéngter Féierung an d’Vestiairë gaangen. Nom Säitewiessel hu sech déi Bremer awer engagéiert gewisen a konnten no enger knapper Stonn am Numm vum Groß ausgläichen. Leipzig huet sech dovun awer net ënnerkréie gelooss. An der 70. Minutt konnt de Schlager sech am Lafduell géint de Pieper behaapten an dem Gaascht mat sengem Gol um Enn déi dräi wichteg Punkte sécheren.
An der Partie tëscht Leverkusen a Stuttgart gouf et dann eng 2:0-Victoire fir d’Werkself. Virun den eegene Spectateuren huet sech Leverkusen vun Ufank un als déi besser Ekipp präsentéiert a louch no engem staarken Effort vum Diaby an der 30. Minutt a Féierung. Stuttgart huet sech nom Réckstand beméit, eng Äntwert op konzentréiert Géigner ze fannen, dat awer ouni Succès. An der Schlussphas huet den Tah da mat sengem Gol zum 2:0 den Deckel drop gemaach a sou wënnt Bayer um Enn den drëtte Match hannerteneen.
Den 1. FC Köln huet géint Hertha Berlin da mat 0:2 de Kierzere gezunn. An der däitscher Haaptstad war d’Hertha no néng Minutten duerch de Kanga a Féierung gaangen. Vun de Kölner war am éischten Duerchgang ze wéineg komm. Zéng Minutten no der Paus konnt de Richter dann op 2:0 erhéijen, wat der Lokalekipp um Enn duergaangen ass fir d’Punkte bei sech ze halen. De Lëtzebuerger Mathias Olesen war zu Berlin net am Asaz.
An den zwou weidere Partië vum Samschdegmëtteg huet sech Bochum mat 1:0 zu Augsburg duerchgesat an Hoffenheim huet sech misse mat 1:2 géint Wolfsburg geschloe ginn.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.