BundesligaBayern wënnt zu Dortmund, Wolfsburg klappt Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems deele sech Frankfurt a Freiburg mat engem 3:3 d'Punkten a Gladbach spillt zu Bremen 0:0 gläich.

Um 28. Spilldag huet Bayern just ee Gol gebraucht fir de Spëtzematch fir sech ze entscheeden. Leverkusen muss eng däitlech Defaite géint Wolfsburg astiechen, Freiburg spillt an engem turbulente Match 3:3 zu Frankfurt a Gladbach deelt sech mat Bremen an engem Match ouni Goler d’Punkten.

28. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Dortmund - Bayern 0:1
0:1 Kimmich (41')

Dortmund huet net laang ofgewaart a vun Ufank un Drock gemaach. An der éischter Minutt huet den Neuer de Ball net wäit genuch gekläert, sou dass den Haaland kuerz virum Strofraum zum Schoss komm ass. Am Gol stoung de Boateng awer op der richteger Plaz a konnt de Ball op der Linn klären. Duerno hu sech béid Ekippen ofgetaascht an d’Gäscht hunn ëmmer besser an de Match fonnt. Déi bescht Chance hat den aktuellen Tabelleleader no ronn 20 Minutten, wéi de Piszczek de Schoss vum Coman nach op der Linn rette konnt. Am weidere Spillverlaf hu sech béid Ekippen drop konzentréiert gutt an der Defense ze stoen, sou dass sech de Match e Bësse berouegt huet. Kuerz virun der Paus huet de Kimmich mat engem Lob aus ronn 20 Meter de Bürki iwwerspillt an domat d’Bayern a Féierung bruecht. Eng zimmlech ausgeglachen éischt Hallschent ass domat dann och op en Enn gaangen.

Nom Säitewiessel huet Bayern weider wéineg zougelooss an d’Lokalekipp huet sech schwéier gedoe gutt Chancen erauszespillen. No enger gudder Stonn ass de Boateng am Strofraum ausgerutscht, sou dass den Haaland aus ronn 10 Meter zum Ofschloss komm ass. De Boateng, deen um Buede louch, huet de Schoss mam Aarm ofegfälscht an huet de Ball doduerch laanscht de Gol geleet. D’Zeen ass trotz dem vermuttlechen Asaz vum Aarm awer net iwwerpréift ginn. Bayern stoung weiderhin immens disziplinéiert an der Defense an der Dortmunder Ekipp si lues a lues d’Iddien ausgaangen. Bis zum Schluss ass et dem BVB net méi gelongen nach den Ausgläich ze schéissen a sou gewënnt Bayern de wichtege Spëtzematch knapps mat 1:0 zu Dortmund. Duerch dës Victoire vergréissert den däitsche Rekordmeeschter de Virsprong an der Tabell op 7 Punkten.

Leverkusen - Wolfsburg 1:4
0:1 Pongracic (43'), 0:2 Arnold (64'), 0:3 Steffen (68'), 0:4 Pongracic (75'), 1:4 Baumgartlinger (85')

Leverkusen huet an der Ufanksphas Drock opgebaut a Wolfsburg fréi attackéiert. No enger gudder véierel Stonn ass de Gaascht dann awer lues a lues an d’Rulle komm a sou ass och déi eng oder aner Chance entstanen. An der 16. Minutt ass de Joao Victor aus 6 Meter zum Schoss komm, ma de Hradecky konnt de Ball nach a leschter Sekonn mam Fouss klären. D’Lokalekipp huet sech schwéier gedoe fir sech vum Wolfsburger Pressing ze befreien a sou ass dem Gaascht dann nach kuerz virun der Paus déi verdéngte Féierung gelongen. No engem Fräistouss vun der rietser Säit ass de Pongracic am héchste gesprongen a konnt sou mam Kapp den éischte Gol vum Match schéissen.

Nom Säitewiessel huet Wolfsburg et der Werkself weiderhin immens schwéier gemaach an huet gutt dogéint gehalen. An der 64. Minutt war et dann den Arnold, dee mat engem direkte Fräistouss op 2:0 erhéicht huet. De Schoss ass nach vum Havertz, deen an der Mauer stoung, ofgefälscht ginn an domat hat de Hradecky keng Chance eppes dergéint ze maachen. D’Gäscht haten awer nach net genuch an hu just 4 Minutte méi spéit een drop geluecht. De Steffen stoung mam Kapp op der richteger Plaz an huet de Match mat sengem Gol virzäiteg entscheet. An der 75. Minutt war et dann nees de Pongracic, dee mat sengem zweete Gol op 4:0 stelle konnt. Leverkusen sollt awer och nach e Gol geléngen. De Baumgartlinger hat no enger FLank vum Hirtz keng Problemer, de Ball am Gol ënnerzebréngen an huet soumat op 1:4 verkierzt. Zum Schluss ass et bei deem Resultat bliwwen a sou klappt Wolfsburg Leverkusen däitlech mat 4:1.

Bremen - Gladbach 0:0

An den éischte Minutten hu sech déi zwou Ekippen op Aenhéicht gewisen a souwuel Bremen wéi och Gladbach huet probéiert de Wee no vir ze sichen. Déi éischt geféierlech Golchance ass vun der Lokalekipp an der 12. Minutt komm, wéi de Sommer sech am Gol mat engem gudde Reflex gewisen huet, nodeems de Klaassen am Strofraum zum Ofschloss komm ass. No dëser Aktioun huet déi Bremer Ekipp u Confiance gewonnen an huet op d’Féierung gedréckt. Kuerz virun der Paus ass Gladbach da méi aktiv ginn, ma e Gol sollt am éischten Duerchgang net falen.

Déi zweet Hallschent huet sech am Ufank virun allem am Mëttelfeld ofgespillt a war vu villen Zweekämpf gepräägt. Bremen huet sech fir d’Féierung beméit, ma och Gladbach huet de Wee virun de Gol gesicht. E Gol sollt an dëser Partie awer net méi falen a sou deelen sech béid Ekippe mat engem 0:0 d’Punkten.

Frankfurt - Freiburg 3:3
0:1 Grifo (28'), 1:1 Silva (35'), 1:2 Petersen (67'), 1:3 Höler (69'), 2:3 Kamada (79'), 3:3 Chandler (82')

An der Ufanksphas hu sech béid Ekippe op d’defensiv Aarbecht konzentréiert sou dass et zu net ville Golchancë komm ass. An enger ausgeglachener Partie huet Freiburg dann awer den éischte Gol markéiert. An der 28. Minutt huet sech de Grifo am Strofraum duerchgesat a mat engem stramme Schoss, deen nach ofgefälscht ginn ass, Freiburg mat 1:0 a Féierung bruecht. 7 Minutte méi spéit ass der Lokalekipp dann awer schonn den Ausgläich gelongen. No engem Schoss vum Kamada, deen de Schwolow am Gol net festhale konnt, stoung de Silva op der richtege Plaz a konnt ouni Problemer mam Kapp op 1:1 ausgläichen.

No der Paus huet Frankfurt op d’Féierung gedréckt an hat e puer kloer Golchancen. Freiburg huet sech dovun awer net beandrocke gelooss an huet an der 67. Minutt profitéiert. De Petersen stoung no enger Flank vum Günter op der richteger Plaz an huet mam Kapp den 2:1 fir d’Gäscht markéiert. Just 2 Minutte méi spéit ass den Höler no engem Pass vum Grifo eleng virum Golkipp äiskal bliwwen an huet fir Freiburg iwwerraschend op 3:1 gestallt. Frankfurt huet awer net opginn a weider Drock gemaach, wat dann och an der 79. Minutt mam Gol vum Kamada belount ginn ass. 3 Minutten nom 2:3 ass et dann zum Ausgläich fir d’Eintracht komm. Den Chandler stoung no enger Flank vu lénks eleng um zweete Potto an huet ongestéiert ausgeglach. Zum Schluss bleift et beim 3:3 an domat deele sech béid Ekippen d’Punkten.
Back to Top
CIM LOGO