
Wéi an allen europäesche Futtball-Championnater diskutéieren se och an England doriwwer, wéi een de nationale Championnat kann op e Enn spillen. Wéi den “Sunday Telegraph” schreift, plangen déi Verantwortlech vun der Premier League de Spill-Betrib den 01. Juni erëm ze starten. Bei dësem “Best-Case-Szenario” sollen alleguerte Matcher déi nach ze spille si banne 6 Woche ausgedroe ginn - dat awer wuel ouni Spectateuren.
Ob a wéi déi national Futtball-Championnater kenne weider gespillt ginn, hänkt natierlech vun der weiderer Entwécklung vum COVID-19 zesummen.
