
Dass déi lizenzéiert Sportler bei der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun mussen encadréiert gi läit op der Hand. Hei ass awer de Moment de gréisste Problem. D’Benevolle ginn ëmmer méi rar seet d’FLA-Presidentin Stéphanie Empain.
“Ech mengen, dass dat duerch de Covid net méi einfach ginn ass. Vill Leit hu wärend dem Lockdown de Goût fir d’Famill fir d’Fräizäit nees erëmfonnt. An ech sinn der Meenung, dass der do vill dobäi sinn, déi decidéiert hunn, hiert Engagement zum Deel erofzefueren. Als Federatioun musse mir déi Tendenz am Bléck behalen a versichen, hir entgéint ze wierken.”
Viru kuerzem goufen zwee nei Veräiner an d’FLA opgeholl. Dobäi ass och ee Stater Club. An de Kulissen héiert een, dass et elo zu Enkpäss ka kommen, wat d’Infrastrukturen ubelaangt. Bis elo hat den CSL de Stadion op der Areler Strooss fir sech eleng. Dat kéint elo an Zukunft anescht sinn. D’Stéphanie Empain ass sech der Problematik bewosst.
“Ech denken net, dass et zu gréisseren Diskussiounen op der AG wäert féieren. Net well et kee Problem gëtt, mee well mir hei als Federatioun kloer gemaach hunn, dass mir op ee fairt mateneen ënnert de Veräiner setzen. Dowéinst hu mir och een Dialog um leschte Conseil Federal erméiglecht. Als Federatioun hu mir op deem Conseil Federal a Presenz vun deene concernéierte Veräiner kloer gesot, dass mir et och als eis Missioun gesinn, all eise Memberen op eng fair Aart a Wäiss zur Säit ze stoen. Mir sinn eis natierlech bewosst, dass et Contrainten um Niveau vun der Infrastruktur gëtt. Mee mir sinn awer och der Meenung, dass et misst Méiglechkeete ginn, fir eng Léisung ze fannen. Et dierft net onméiglech sinn, fräi Slotten ze definéieren, fir dass och deen anere Veräi kann trainéieren an dofir setze mir op ee fairt mateneen tëscht de concernéierte Veräiner.”
Déi zwee Veräiner sinn den CSL an den nei gegrënnte Liichtathletik Club Lëtzebuerg.