Europa LeagueBenfica dominéiert Frankfurt, Arsenal klappt Neapel

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend goufen d'Allersmatcher vun de Véierelsfinallen an der Europa League gespillt.
Den 19 Joer ale Joao Felix huet en Donneschdeg den Owend ganzer 3 Goler geschoss.
Den 19 Joer ale Joao Felix huet en Donneschdeg den Owend ganzer 3 Goler geschoss.
© twitter/EuropaLeague

Arsenal London huet en Donneschdeg den Owend eng ganz staark Leeschtung gewisen a konnt sech doduerch um Enn och verdéngt mat 2:0 géint den SSC Neapel duerchsetzen. Déi zweet Ekipp vu London huet sech dann awer méi schwéier gedoen, dobäi hat Chelsea um Pabeier eigentlech méi ee liichte Géigner. Um Enn wanne si knapps 1:0 zu Prag. Am spueneschen Duell tëscht dem FC Villareal an dem FC Valencia gëtt et da schlussendlech ee gléckleche Gewënner. Valencia wënnt nämlech mat 3:1 an dobäi stoung et an der 90. Minutt nach 1:1. An enger ganz animéierter Partie ka sech Benfica Lissabon mat 4:2 doheem géint Frankfurt duerchsetzen.

Arsenal London - SSC Neapel 2:0

D’Haushären aus der englescher Haaptstad konnte sech iwwer ee gudde Start an dës Véierelsfinall freeën. Si hunn d’Ufanksphas dominéiert, Neapel war méi zeréckhalend an d’Italiener goufen dofir bestrooft. No enger gudder Kombinatioun am Mëttelfeld huet de Lacazette de Maitland-Niles am Strofraum ugespillt, deen huet de Ball opgeluecht fir de Ramsey an deen huet an der 15. Minutt den 1:0 markéiert.

Neapel ass net wierklech an de Match komm. De Jonge vum Trainer Carlo Ancelotti ass offensiv wéineg agefall an an der Defensiv ware si dacks iwwerfuerdert. An der 25. Minutt konnt Arsenal dunn op 2:0 erhéijen an dat mat frëndlecher Hëllef vun den Italiener. De Lucas Torreira huet engem Defenseur am Mëttelfeld de Ball ewechgeholl an hat elo richteg vill Plaz. Den Nationalspiller aus Uruguay ass Richtung Gol gezunn, huet mat engem Crochet een Defenseur stoegelooss a säi Schoss gouf dunn nach vun engem weideren Defenseur onhaltbar ofgefälscht.

Nom 2:0 war Arsenal weider déi besser Ekipp, ma si hunn elo och e bëssen un Tempo erausgeholl, esou dass et mat dësem 2:0-Avantage an d’Kabinne gaangen ass.

Nom Säitewiessel huet Neapel versicht, e Wee an dëse Match ze fannen. Geléngen, sollt dëst awer net wierklech. Arsenal weiderhi méi staark a virun allem méi geféierlech. Esou och an der 69. Minutt, wou de Maitland-Niles et probéiert huet, ma de Meret am Gol vun Neapel huet eng weider gutt Parad gewisen.

2 Minutten drop hat Neapel dunn awer hir bis heihinner beschte Chance an do hätte si eigentlech den 1:2 misse schéissen. Den Insigne gouf iwwer d’Säit geschéckt an hien huet eng gutt Pass an d’Mëtt gespillt, wou den Zielinski eleng virum Gol stoung, ma de polneschen Nationalspiller huet de Ball iwwert de Gol geschoss.

Neapel ass dunn och an de leschten 10 Minutten och net méi vill gelongen an esou wënnt Arsenal mat 2:0. Ee richteg komfortabelt Resultat fir d’Englänner, déi domat mat enger ganz gudder Ausgangspositioun an de Retourmatch ginn.

Slavia Prag - Chelsea London 0:1

D’Spectateuren zu Prag hunn an der éischter Hallschent net all ze vill Highlighten ze gesi kritt. Béid Ekippen hu sech an der Ufanksphas schwéier gedoen, fir richteg an de Match ze kommen. Déi beschte Chance an der éischter Hallschent goung awer op de Kont vun de Gäscht. An der 25. Minutt war et de Brasilianer Willian, deen de Ball aus ronn 20 Meter op d’Lat geschoss huet. Chelsea war beméit, ma Prag huet dat an der Defense ganz gutt gemaach, si stounge kompakt an hu wéineg Dommheete gemaach.

An der zweeter Hallschent ass Chelsea elo awer ee gutt Stéck méi staark ginn. D’Ekipp vun der Stamford Bridge koum dann och elo zu bessere Chancen. No engem Corner war et ee Volley vum Antonio Rüdiger ma de Golkipp vun der Ekipp aus Tschechien konnt de Ball esou just nach mam Fouss paréieren. Kuerz dono dunn eng weider gutt Chance. De Willian ass gutt iwwer d’Säit gaangen an ass an d’Mëtt gezunn, ma virum Gol hu seng Nerve versot.

An der Schlussphas huet Chelsea de Ball dunn endlech eng Kéier am Gol vum Géigner ënnerkritt, ma de Gol huet wéinst enger Abseitspositioun net gezielt. 10 Minutte viru Schluss hat de Boril Prag du bal a Féierung bruecht. Nodeems den Arrizabalaga sech bei enger Flank verschat hat, koum de Boril un de Ball a bei deem sengem Schoss huet de Kepa Arrizabalaga sech richteg misse strecken.

Laang Zäit huet et gedauert, mä an der 85. Minutt konnt Chelsea dunn tatsächlech nach den 1:0 markéieren. De Willian war um Ball an ass net energesch genuch gestéiert ginn. Sou hat de Brasilianer gutt Zäit, fir eng perfekt Flank op de Marcos Alonso ze spillen, dee mam Kapp fir d'1:0-Schlussresultat suerge konnt.

FC Villareal - FC Valencia 1:3

Fir d’Gäscht huet de Match richteg gutt ugefaangen. Si ware fréi dominant a kruten an der 5. Minutt schonns een Eelefmeter zougesprach, dat nodeems de Guedes am Strofraum geluecht gouf. De Parejo ass fir den Eelefmeter ugetrueden, huet allerdéngs verschoss, ma de Guedes konnt den Noschoss an der 6. Minutt eraschéissen.

Villareal ass awer bekannt dofir, dass si doheem immens staark sinn. Virun dësem Match hate si an deene leschten 18 Heemmatcher ëmmer op d’mannst ee Gol geschoss. En Donneschdeg den Owend sollt nach een 19. Match dobäikommen. Nodeems ee Schoss vum Cazorla an der 32. Minutt esou just net eragaangen ass, huet de fréiere spueneschen Nationalspiller an der 36. Minutt dunn awer vum Eelefmeterpunkt aus getraff. Virdru war den Iborra gefoult ginn.

Kuerz virun der Paus hat Villareal dunn nach bal d’Féierung iwwerholl. Den Iborra huet de Gerard Moreno am Strofraum lancéiert an deen huet mat lénks ofgeschloss, ma de Golkipp war mat Zäiten ënnen, fir de Ball ze paréieren.

Nom Säiteweissel huet een ee Moment geduecht, béid Ekippe géife sech mat dësem Remis eigentlech schonns zefridde ginn, ma no an no hu Ekippen nees méi fir d’Offensiv gemaach. En Tick méi entschloss huet d’Ekipp vu Villareal gewierkt, déi ëmmer nees den Ofschloss gesicht hunn. D’Defense vu Valencia hat awer ëmmer eppes entgéintzesetzen.

Valencia konnt an der Schlussphas dunn nach emol zouschloen. De Gaya ass gutt iwwer d’Säit gaangen an huet de Ball vu lénks an de Strofraum bruecht, wou de Wass de Ball ideal trëfft an domat op 2:1 fir Valencia stellt. An der 93. Minutt sollt et dunn nach méi batter gi fir Villareal, well de Guedes huet do fir d'3:1-Schlussresultat gesuergt, dat no enger ganz gudder Viraarbecht vum Cheryshev.

Benfica Lissabon - Eintracht Frankfurt 4:2

Frankfurt war virun dësem Match am Joer 2019 nach ëmmer ongeschloen an dat wollte si och en Donneschdeg den Owend sou bäihalen. Vun Ufank un hu si Benfica ënner Drock gesat. D’Ekipp aus der Bundesliga hat ee gudde Start an de Match erwëscht, an der Ufanksphas huet et awer nach u richteg gudde Chancë gefeelt.

An der 19. Minutt gouf et dunn awer déi kal Dusch fir Frankfurt. De Joao Felix huet de Gedson Fernandes an d’Déift lancéiert an den N’Dicka huet dësen als leschte Mann vun de Bee geholl an den Arbitter huet net nëmmen op den Eelefmeterpunkt gewisen, mä huet de Frankfurter Defenseur och mat rout vum Terrain geschéckt. Den 19 Joer jonke Joao Felix huet du vum Punkt getraff, esou dass Benfica no 20 Minutten a Féierung louch an elo och an Iwwerzuel war.

No dësem Gol huet de Match sech e bësse berouegt a Benfica hat elo méi vum Match. Golchancë konnte si sech der awer net wierklech vill erausspillen. An der 40. Minutt konnt Frankfurt dunn an Ënnerzuel ausgläichen. De Rode konnt engem Defenseur de Ball ewechhuelen an de Rebic huet sech mam Ball op de Wee gemaach. Kuerz virum Gol huet hien de Ball eriwwergeluecht fir de Jovic, deen aus kuerzer Distanz markéiere konnt.

D’Freed war awer net vu laanger Dauer, well nëmmen 3 Minutte méi spéit huet de Joao Felix Benfica nees a Féierung bruecht. De jonke Portugis huet aus ronn 20 Meter op de Gol geschoss an do huet den Trapp am Gol vu Frankfurt net immens gutt ausgesinn. De fréiere Golkipp vu Paräis war um Ball drun, konnt de Ball awer net méi entscheedend deviéieren.

Nach war awer net Paus, well an der 45. Minutt huet de Vlachodimos de Ball dunn op een Neits missen aus dem Filet fëschen, dat no engem Schoss vum Kostic. Dëse Gol huet schlussendlech dann awer net gezielt, dat wéinst enger Abseitspositioun an esou goung et mat der 2:1-Féierung fir d’Lokalekipp an d’Paus.

D’Portugise sinn du richteg drockvoll aus der Paus komm an an der 49. Minutt konnte si nach een dropsetzen an op en Neits war de Joao Felix um Gol bedeelegt. De jonke Portugis ass nämlech no engem Corner un de Ball komm an an der Mëtt huet de Ruben Dias dunn de Ball an de Gol gekäppt.

An der 54. Minutt ass et dunn nach méi batter gi fir Frankfurt, do ass de Grimaldo gutt iwwer d’Säit gaangen huet de Ball dunn zeréckgeluecht an d’Mëtt, wou de Joao Felix zum Schoss koum. Hien huet den Hinteregger an den Trapp getunnelt an esou de 4:1 geschoss.

De fréieren Frankfurt, den Haris Seferovic war no enger Stonn agewiesselt ginn an hat dunn 10 Minutte méi spéit de 5. Gol vu Benfica um Fouss. De Schwäizer ass eleng Richtung Trapp gelaf, mä de Frankfurter Golkipp konnt dëse Ball awer mat engem ganz staarke Reflex paréieren.

Frankfurt huet sech nach net geschloe ginn an an der 72. Minutt huet de Mendes-Pacienca no engem Corner mam Kapp op 2:4 verkierzt.

Bei dësem Stand sollt et bis zum Schluss bleiwen. Domat eigentlech eng kloer Victoire fir Benfica Lissabon, mä Frankfurt huet 2 ganz wichteg Auswäertsgoler geschoss. Beispillsweis géing en 2:0 doheem zu Frankfurt duergoen.

D’Retourmatcher ginn den 18. Abrëll gespillt.

Back to Top
CIM LOGO