
D’Bengals hu sech duerch e Fieldgoal vum Rookie-Kicker Evan McPherson bei de Kansas City Chiefs mat 27:24 duerchgesat. Domat sti si fir d’drëtt Kéier am Super Bowl. D’Cincinnati Bengals sinn ee vun 12 Teamer, déi de Super Bowl nach ni gewonnen hunn. Am AFC-Championship-Game konnt d’Ekipp ëm de Quarterback Joe Burrow (250 Passing-Yards, 2 Touchdowns, 1 Interception) en tëschenzäitleche Réckstand vun 18 Punkten ophuelen a sech schlussendlech géint de Patrick Mahomes an d’Chiefs behaapten.
Am zweete Match, dem Championship Game vun der National Football Conference (NFC), sinn d’San Francisco 49ers op d’Los Angeles Rams getraff. Bis an de leschte Véierel louch d’Team vum Trainer Sean McVay mat 7:17 hannen, éier de Quarterback Matthew Stafford an de Receiver Cooper Kupp de Spiiss ëmgedréit hunn a sech mat engem Touchdown an zwee weidere Field Goals d’Victoire geséchert hunn (20:17). D’Los Angeles Rams wäerten domat an der Nuecht op de 14. Februar an hirem eegene Stadion beim Super Bowl mat dobäi sinn. D’LA Rams hu schonn 1999 de Super Bowl gewonnen, deemools nach als St. Louis Rams mam Hall-of-Fame-Quarterback Kurt Warner. 2018 hu si eng leschte Kéier am Super Bowl gespillt an do géint d’New England Patriots verluer.
No den Tampa Bay Buccaneers (2020, Super Bowl LV) sinn d’Rams déi zweet Ekipp, déi an hirem eegene Stadion ëm d’Vince Lombardi Trophy spille wäerten. Am Super Bowl trieden de Meeschter vun der American-Football-Conference, d’Cincinnati Bengals, géint de Meeschter vun der National Football Conference, d’Los Angeles Rams, géinteneen un.