Europa LeagueBergamo klappt Liverpool, Roum wënnt Italien-Duell géint Mailand

Kevin Kayser
En Donneschdeg waren d'Allersmatcher vun de Véierelsfinallen an der Europa League.
© Photo by Darren Staples / AFP

AC Mailand - AS Roum 0:1
0:1 Mancini (17')

Am italieeneschen Duell an dëser Véierelsfinall gouf et eng ausgeglachen éischt Hallschent. Eenzeg hat Mailand e bësse méi Ballbesëtz a liicht méi Oflschlëss, ma et war awer Roum, déi a Féierung konnte goen. Mailand huet den Drock déi zweet Hallschent dann nach eng Kéier erhéicht, hinne sollt awer kee Gol geléngen, esou datt den AS Roum elo eng gutt Ausgangspositioun doheem wäert hunn.

Bayer Leverkusen - West Ham United 2:0
1:0 Hofmann (83'), 2:0 Boniface (90'+1)

Bayer huet de Ball a West Ham steet fest an der Defense. Esou kéint een déi éischt 45 Minutte vun dëser Partie bal resuméieren. Ganzer 17 Mol sinn déi Däitsch virun der Paus zum Ofschloss komm, West Ham dogéint huet ee Schoss ofginn. Déi zweet Hallschent huet nees ganz änlech ausgesinn, wéi déi éischt 45 Minutten. Eenzegen Ënnerscheet war awer, datt Leverkusen aus zwee Standarden och zwee Goler konnt maachen: Dat an der 83. Minutt duerch den Hofmann an an der Nospillzäit duerch den Boniface.

Benfica Lissabon - Olympique Marseille 2:1
1:0 Rafa Silva (16'), 2:0 Di Maria (52'), 2:1 Aubameyang (67')

Lissabon mécht doheem de Match, grad an der éischter Hallschent: 61 Prozent Ballbesëtz an 2:0 Schëss op de Gol. Do wonnert et dann net, datt si mat enger knapper 1:0 Féierung an d’Paus gaange sinn. Kuerz nom Säitewiessel huet den Di Maria dann och nach op 2:0 erhéicht. Ma d'2:0-Féierung sollt net laang halen, well 15 Minutte méi spéit hunn d’Fransousen zeréckgeschloen. Bei deem Resultat ass et awer bis zum Schluss vun der Partie bliwwen.

FC Liverpool - Atalanta Bergamo 0:3
0:1 Scamacca (38'), 0:2 Scamacca (61'), 0:3 Pasalic (83')

U sech hunn déi éischt 45 Minutten der Heemekipp gehéiert, ma si konnten hire ville Ballbesëtz net a grouss Chancen ëmwandelen. Anescht d’Gäscht aus Bergamo, déi aus wéineg vill erausgeholl hunn an no 38 Minutten a Féierung konnte goen. An der Paus huet de Jürgen Klopp op der Bänk vu Liverpool direkt dräi Mol gewiesselt, ma awer waren et nees d’Gäscht, déi geféierlech virum Gol opgetaucht sinn an duerch de Scamacca och 2:0 a Féierung gaange sinn. Kuerz viru Schluss gouf et fir Liverpool dann nach méi schlëmm, well de Pasalic nach eng Kéier fir d’Italiener treffe konnt.

Déi komplett Resultater

Conference League

An den Allersmatcher vun de Véierelsfinallen an der Conference League konnt sech Olympiakos Piräus 3:2 géint Fenerbahce Istanbull duerchsetzen, Pilsen a Florenz hunn 0:0 gespillt, Aston Villa wënnt doheem 2:1 géint Lille a Bruges klappt PAOK 1:0.

Back to Top
CIM LOGO