
Dat mellt déi däitsch Sportschau a berifft sech dobäi op de katareschen Organisatiounscomité vun der WM. Dëse soll e Programm mam Numm “Fan Leader Network” an d’Liewe geruff hunn a soll et Supporteren erlaben, bis zum Enn vum Turnéier gratis am Katar ze bleiwen. Hire Fluch an hire Logement sollen deemno fir den Zäitraum vum Turnéier bezuelt sinn. Ausserdeem solle si en Täschegeld vun ëmgerechent 70 Euro den Dag kréien.
Dofir musse si engem Kodex vu Verhalensreegelen zoustëmmen. Esou wäerten d’Organisateuren ënner anerem de Supporteren hir Bäiträg op de soziale Medie kontrolléieren a si deemno wéi dozou opfuerderen, dës ze änneren oder nees ze läschen.
Wéi et vun der Sportschau heescht, solle sech bis ewell ënner anerem Fans aus Däitschland an aus Holland fir de Programm ugemellt hunn.