
Op den Olympesche Wanterspiller stoung e Freideg am Biathlon de Sprint bei den Dammen um Programm. No 7,5 Kilometer gouf et eng kloer Victoire fir d’Marte Olsbu Röiseland. D’Norwegerin hat um Enn eng Avance vu knapp 31 Sekonnen op d’Schwedin Elvira Öberg. Op déi drëtte Plaz ass d’Italienerin Dorothea Wierer gelaf. Si hat e Réckstand vu ronn 37 Sekonnen.
D’Olsbu Röiseland geet duerch hir däitlech Avance als grouss Favoritin an d’Poursuite e Sonndeg.