Coupe am HandballBierchem an Déifferdeng stinn an den Halleffinallen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend war et d'Suite vun de Véierelsfinallen an der Coupe de Luxembourg am Handball. Bierchem klappt Réiden an Déifferdeng Schëffleng.
© AFP (Archiv)

An der Coupe de Luxembourg bei den Hären huet an de Véierelsfinallen e Samschdeg den Owend Reiden mat 26 op 51 géint Bierchem de Kierzere gezunn. Bierchem steet domatt wéi och Diddeleng an 1/2-Finall.

Am aneren Match hat Déifferdeng doehm keng Problemer mat Schëffleng a ka sech däitlech mat 47:20 fir déi nächsten Ronn qualifizéieren.

Den HB Diddeleng huet deen éischten Ticket fir d’Halleffinalle vun der Coupe de Luxembourg am Handball geléist. E Freideg den Owend huet ee sech an de Véierelsfinalle mat 34:27 zu Péiteng duerchgesat. An der Paus stoung et 17:15 fir den HBD. Déi meescht Goler fir Diddeleng huet den Alexsiej Szyczkow geschoss.

Back to Top
CIM LOGO